Souwuel an der Hypercar-Kategorie, wéi och an der der LMGT3 stoungen no 6 Stonne Course Ferrari-Pilote ganz uewen um Podium.

No de Ferrari-Victoire bei den zwou éischte Coursen vun der Saison am Qatar an zu Imola sti bei den Hypercars di dräi Ferrari #51, #83 an #50 un der Spëtzt vum Championnat. Bei den LMGT3 ass et de Corvette#33 virum Lexus #78 an dem McLaren #59.

RTL

© Jeannot Boesen

Bei sonnegem Wieder a viru vollem Haus um Freideg zu Spa/Francorchamps, den drëtte Laf vun der WEC, waren et nees d’Ferrari, déi den Toun uginn hunn. Op der Pole Position stoung de Ferrari #50 mat Fuoco/Molina/Nielsen virun #83 Kubica/Ye/Hanson an #51 Pier Guidi/Calado/Giovanazzi.

RTL

© Romain Scheffen

Bei den LMGT3 op der Pole Position steet de Lexus #78 mat Robin/Gehrsitz/Nakayama virum Aston Martin #10 mat Deboer/Barricchello/Hasse Clot an op drëtter Plaz de Mustang #77 mat Sousa/Tuck/Barker. 
 
Pünktlech um 14 Auer e Sonndeg war den Depart vun de 6 Hours Spa an direkt vum Start un hunn d’Ferrari den Tempo bestëmmt bis zum éischte Ravitaillement. No enger gudder Stonn gouf et eng Safety-car Phas, well de Lexus #87 am Raidillon stoe blouf an de BMW#31 sech an der Source gedréint hat an en décke Pak Kräsi op d’Pist gestreet huet. Eng ganz Partie Autoen hunn dovu profitéiert, fir an d’Boxen ze fueren, ausser de Mustang #88, deen domadder d’Spëtzt an der GT3-Klass iwwerholl huet.

RTL

© Jeannot Boesen

Bei den Hypercars war et op emol den Alpine #36 den d’Spëtzt iwwerholl huet, mee trotzdeem vill Drock vun de Ferrari #50 an #51 verspuert huet. Di zwee Peugeot #93 a #94 waren och gutt bei der Musek. D’Positiounen hunn a béide Kategorië stänneg geännert, duerch di verschidden Strategië vun den Teams.

De Ferrari #83 hat en technesche Problem a stoung laang an de Boxen. Mat 30 Ronne Retard ass hie spéider em di 30. Plaz gefuer.

No véier Stonne gouf et eng nächst Safety-Car-Phas, well de McLaren #59 an de Kräsi gedréckt gouf. An der 113. Ronn huet de Mick Schumacher um Alpine#36 di zwee Ferrari un der Spëtzt ugegraff an ass op di zweet Plaz gefuer. Kuerz duerno ass hien awer d’Pneue wiessele gaangen a koum als 8. nees op d’Pist.

RTL

© Romain Scheffen

Bei de GT3 hunn d’Plaze permanent gewiesselt tëscht Porsche#92, Mustang#77 a Ferrari #54.

No knapp iwwer 100 Ronnen huet de Stoffel Vandoorne de Peugeot #94 mussen ofstelle mat techneschem Defekt.

Déi lescht Stonn war ganz spannend, well déi fënnef éischt eng ganz aner Strategie haten. Um Enn war et nees eng Kéier Ferrari, déi di bescht Strategie haten a mat Pier Guidi/Calado/Giovanazzi #51 gewannen, virun Fuoco/Molina/Nielsen #50 an op di 3. Plaz kënnt den Alpine #36 mat Schumacher/Gounon/Makowieki.

RTL

© Jeannot Boesen

Bei den LMGT3 gewënnt och e Ferrari, an zwar dee mat der Nummer 21 mat Heriau/Mann/Rovera virun dem Mustang #88 mat Gattuso/Levorato/Olsen an drëtte gëtt de Ferrari#54 mat Flohr/Castelacci/Rigon.

RTL

© Jeannot Boesen

D'6-Stonne vu Spa Francorchamps gëllen als Generalprouf fir déi legendär 24-Stonne-Course vu Le Mans. Déi steet dann elo als nächst op der Agenda. Rendez-vous heivir ass vum 11.-14. Juni.