Carlos Rivas mat 48Losch Motorsport by BLACK FALCON nees um Podium

E Samschdeg gouf déi 3. Manche vun der NLS um Nürburgring gefuer. Net manner wéi 132 Autoe ware bei perfekte Wiederkonditiounen um Depart.
Am Qualifying huet scho villes drop higedeit, dass et en erfollegräiche Samschdeg kéint fir dat Lëtzebuerger Team 48Losch Motorsport by BLACK FALCON ginn. Den däitschen Tobias Müller konnt mat 8min07,450 d'Beschtzäit vun all den Autoen aus der Porsche Endurance Trophy Nürburgring (PETN) fueren, dat um Auto mat der Startnummer #948 . 29 Autoe waren an där Klass gemellt.
Den Tobias Müller ass dann och de Start an déi éischt zwee Stints gefuer a konnt seng Leaderpositioun bis zum Pilotewiessel verdeedegen. No him war et um aneren däitsche Pilot Noah Nagelsdiek, deen nawell vill am Trafic ze kämpfen hat an dann och en haarden Zweekampf mam Porsche #921 vu Mühlner Motorsport hat, mat dem besseren Enn fir d'Konkurrenz.

Fir de Schluss vun der 4-Stonne-Course ass de Lëtzebuerger Carlos Rivas an de Cockpit vum 911 GT3 geklommen. E war a Schlagdistanz fir d'Victoire, ma et sollt net duergoen, fir nach eng seriö Attack op de Leader ze maachen. Um Enn spréngt op en Neits eng gutt zweet Plaz an der PETN eraus, grad ewéi Plaz 13 am Generalklassement.
Plaz 2 an der Meeschterschaft
No 3 Courssen dominéiert Mühlner Motorsport (#921) aktuell d'Cup2-Klass a baut d'Féierung mat der drëtter Victoire weider aus. Si hunn elo 62 Punkten. Op Plaz zwee kënnt 48Losch Motorsport by BLACK Falcon (#948) mat 52 Punkten. Op Plaz 3 läit de Porsche mat der Startnummer #900 vu BLACK FALCON Team Zimmermann mat 39 Punkten.
Nächste Rendez-vous fir den 911 GT3 Cup #948 ass déi legendär 24-Stonne-Course um Nürburgring, dat vum 19.-22. Juni.
