Succès an der Cup 2 Klass fir Dylan Pereira a Carlos Rivas
De General huet d‘Ekipp ROWE Racing op BMW M4 gewonnen.
Bei de 24 Stonnen um Nürburgring konnte sech den Dylan Pereira an de Carlos Riva, zesummen mat den zwee däitsche Piloten Tobias Müller an Noah Nagelsdiek op hirem Porsche GT3 d‘Victoire an der Klass Cup 2 sécheren. Um Enn vun der Course hat d‘Ecurie 48 LOSCH Motorsport by BLACK FALCON eng Avance vun enger Ronn op déi zweet Ecurie Mühlner Motorsport.
Op déi drëtte Platz ass d‘Ecurie Team Sorg Rennsport gefuer. Alleguerte ware si op engem Porsche GT3 ënnerwee. Den Dylan Pereira a seng Equipiere ware wärend deene 24 Stonne mat enger Moyenne vun iwwer 141 Kilometer an der Stonn um 20,8 Kilometer laange Circuit ënnerwee.
De General huet d‘Ekipp ROWE Racing op BMW M4 gewonnen. Fir den Dylan Pereira a Co. ass et eng staark 11. Plaz am General.
280.000 Spectateuren ware live an der Eifel mat dobäi. Dat ass neie Rekord fir déi legendär Course.