E Samschdeg gouf um Circuit vu Spa Francorchamps de Michelin 992 Endurance Cup gefuer, eng Course déi iwwer 12 Stonne geet.

Zejoer gouf déi Course eng éischte Kéier organiséiert a schonn do war et dem Team 48 Losch Motorsport by Black Falcon gelongen d'Gesamtvictoire ze feieren.

Dëst Joer wat d'Zil deemno ganz kloer dësen Exploit nach emol ze widderhuelen. Dofir gouf dann och e staarke Quartett u Piloten zesummegestallt. Ënnert hinne waren dann och zwee Lëtzebuerger, dat a Persoun vum Carlos Rivas an dem Dylan Pereira. Dobäi gesellt hu sech den Tobias Müller aus Däitschland an den Italiener Gabriele Piana.

Mat ganz vill Selbstvertrauen ass den Dylan Pereira ugereet. Rezent huet hie sech den Titel am Porsche Carrera Cup Asia geséchert, dat um Porsche 911 GT3 Cup. Dobäi koum de leschte Weekend dann och nach déi sensationell Victoire vun der 24-Stonne-Course zu Zolder, dat och nees op Porsche 911 GT3 Cup.

25 Autoe vum Modell 992 hunn dann e Samschdeg zu Spa ëm d'Victoire gekämpft. Beim Qualifying huet sech scho kloer gewisen, dass de Rennstall ënner Lëtzebuerger Fändel e Wiertchen ëm d'Gesamtvictoire wëll matspillen. Si konnte sech fir den Top10-Qualifying qualifizéieren, dat duerch Beschtzäiten am Quali 1 an 2, an enger 9. Plaz am Quali 3.

Um Enn sollt et duergoe fir déi 3. séierst Zäit ze fueren, wouduerch een aus der zweeter Rei an d'12-Stonne-Course gestart ass. Vun do un huet hie seng Avance Ronn fir Ronn konnten ausbauen.

No enger Stonn Course louch den Auto mat der Startnummer 48 op Plaz 7 am General, dat mam Carlos Rivas, deen de Start gefuer war.  No 2 Stonnen war et Plaz 4, mat knapp 22 Sekonne Réckstand op Plaz 1. Den Dylan Pereira huet duerno mat der Startnummer 9 (Luc Breukers) ëm Plaz 1 gekämpft an konnt sech un d'Spëtzt setzen, wou nach 9 Stonnen an 8 Minutten ze fuere waren. Beim nächste Boxestopp ass dunn awer net alles riicht gaangen. Den Dylan Pereira ass eng Ronn méi fréi erakomm, wéi eigentlech mam Renningenieur ofgeschwat war. D'Boxecrew an d'Pneue waren deemno net prett. Dat huet se ronn 40 Sekonne kascht an et ass een op Plaz 3 zeréckgefall.

Fir de Gabriele Piana huet et geheescht dat nees op der Streck riichtzebéien. Wéi nach knapp 8 Stonnen ze fuere waren, war de gréng-schwaarze Porsche nees op Plaz, dat duerch staark Zäite vum Piana. Hie konnt de Virsprong dann och nees op iwwert 1 Minutt ausbauen! Mat deem Polster huet den Tobias Müller de Cockpit iwwerholl.

Duerch e Full-Course-Yellow gouf d'Feld nees zesummebruecht an de Virsprong war nees fort. Nom Restart huet de Müller awer séier säi Rhythmus fonnt an e konnt vun der Spëtzt eraus säi Virsprong nees opbauen. An der Hallschent vun der Course hat een 15 Sekonne Virsprong op Plaz 2.

Déi nächst 6 Stonnen hu Rivas, Pereira, Piana a Müller d'Féierung net méi ofginn, et goufe keng Feeler gemaach an um Enn konnt de GT3 vum Team 48 Losch Motorsport by Black Falcon eng dominant Victoire feieren. De Piana ass de leschte Stint gefuer a kënnt mat 1min50,788 Virsprong als éischten iwwert den Zilstréch.

Plaz 2 geet un den Auto mat der Nummer 9 (Red Camel - Jordans.nl). De Podium gëtt komplettéiert mat der Startnummer 25 (Van Berlo Motorsport by Bas Koeten Racing).

Um Podium zu Spa stoungen deemno net just zwee Lëtzebuerger Piloten um héchsten Träpplek, ma et ass och déi Lëtzebuerger Nationalhymn gespillt ginn, well den Auto leeft ënnert Lëtzebuerger Fändel.

Team 48 Losch Motorsport by Black Falcon wënnt 12-Stonne-Course zu Spa.
An de belschen Ardennen ass e Samschdeg den Owend déi Lëtzebuerger Nationalhymn gelaf.

De Replay

Michelin 992 Endurance Cup 2025 - Race Part 1

Michelin 992 Endurance Cup 2025 - Race Part 2