Dylan Pereira gewënnt zu Singapur

© Porsche Carrera Cup Asia, Copyright free
Am Kader vun der Formel 1 goufen dëse Weekend déi leschte Manchen vum Porsche Carrera Cup Asia zu Singapur gefuer.
Fir déi zwou Coursen um Marina Bay Street Circuit huet den Dylan Pereira sech d’Pole Position geséchert. Direkt nom Start vun der éischter Manche vum Weekend konnt sech de Lëtzebuerger Tour fir Tour eng Avance erausfueren, fir no 12 Tier ma engem komfortabele Virsprong vun 10 Sekonnen als Gewënner iwwert d’Arrivée ze fueren. Zweete gouf den Neiséilänner Bayley Hall an ob déi drëtte Plaz koum de Josh Rowledge aus Groussbritannien.

© Porsche Carrera Cup Asia, Copyright free
Och an der zweeter Course huet den neie Porsche Carrera Cup Asia Champion näischt ubrenne gelooss, deen eng weider Victoire an dëser Saison feiere konnt. De Virsprong war mat ronn 9 Sekonnen ob den zweeten Dylan O’Keeffe aus Neiséiland war zwar net esou grouss, wéi an der éischter Course, mee och an der leschter Manche huet de Pereira déi séierste Ronn an der Course realiséiert an seng Dominanz domat eng weider Kéier ënnerstrach. Drëtte gouf den Neiséilänner Bayley Hall.