George Russell feiert Start-Zil-Victoire zu Singapur

Den George Russell virum Max Verstappen, Lando Norris an Oscar Piastri. / © AFP
De Verstappen rett seng zweet Plaz virum Norris an d'Zil. De Piastri gëtt 4., woumat McLaren d'Konstrukteursweltmeeschterschaft kloer gemaach huet.
Den George Russell ass eng Course sans faute gefuer an duerft sech iwwer seng 2. Victoire an dëser Saison freeën. De Max Verstappen konnt seng zweet Positioun virum Lando Norris an d'Zil retten. Domat bleift et dobäi, dass den Hollänner zu Singapur net gewanne kann. De Leader am General Oscar Piastri huet sech mat der 4. Positioun mussen zefridde ginn. Mat dësem Resultat ass och kloer, dass McLaren de Weltmeeschtertitel an der Konstrukteurswäertung verdeedege kann.
De Kimi Antonelli konnt säi gutt Resultat aus dem Qualifying confirméieren a gouf am zweete Mercedes Fënneften, dat virum Ferrari-Duo Charles Leclerc a Lewis Hamilton. Déi reschtlech Punkte goungen un de Fernando Alonso, den Oliver Bearman an de Carlos Sainz. Géint den Hamilton gouf nach eng Enquête wéinst dem Verstouss géint d'Tracklimits ageleet, dohier kéint hie seng 7. Plaz nodréiglech nach verléieren.
De Russell konnt de Verstappen, dee mat Softpneuen an d'Course gaange war, beim Start hannert sech loossen an ass duerno seng Course gefuer. Hie konnt déi aner séier kloer distanzéieren an huet wärend der gesamter Course net groussaarteg an de Réckspigel kucke mussen.
Den Norris an de Piastri hu sech an der zweeter Kéier nom Start beréiert, wat awer keng gréisser Auswierkungen op d'Autoen hat. Dëse Manöver huet just fir schlecht Stëmmung bei McLaren gesuergt.
De Verstappen huet an der 10. Ronn Problemer mat der Boîte gemellt an huet sech och wärend dem Rescht vun der Course beschwéiert, dass den Auto schwéier ze fuere wär. Hie konnt seng Maschinn awer op der Strooss halen an eng komfortabel Avance op d'McLaren-Piloten erausfueren.
Eréischt an de leschten 20 Tier ass den orangen Auto am Réckspigel erëm méi grouss ginn. Den Norris huet dovu profitéiert, dass de Verstappen vum Verkéier opgehale gouf, a louch 15 Tier viru Schluss manner wéi eng Sekonn hannert dem Hollänner. De Britt koum awer net laanscht de Red Bull an huet sech mat der drëtter Positioun zefridde gi mussen.