Kalle Rovanperä wënnt seng zweet Manche

© AFP
Bei der Rallye an Zentraleuropa huet sech Toyota duerch d'Victoire vum Rovanperä och de Konstrukteurstitel geséchert.
Déi zwieleft Manche vum Rallye-Championnat huet d'Fuerer duerch d'Bëscher vun Däitschland, Éisträich an Tschechien geféiert. Et ass déi eenzeg Course am Kalenner, déi duerch dräi Länner féiert.
De Kalle Rovanperä huet sech souverän duerch déi 17 Epreuvë manövréiert an huet domat weiderhi Chancen op säin drëtte Weltmeeschtertitel. Am Virfeld vun dëser Manche hat de Finn ugekënnegt, um Enn vun der Saison mat der WRC opzehalen. Den Toyota-Fuerer hat um Sonndeg 43,7 Sekonne Virsprong op säin Teamkolleeg Elfyn Evans. Hannedru koum mam Ott Tänak (+ 49,3) e Hyundai als Drëtten op de Podium. Duerch d'Victoire vum Rovanperä an déi zweet Plaz vum Evans ass Toyota de Konstrukteurstitel net méi ze huelen.
De Sébastien Ogier, dee bis dohi Leader am General war, hat um Samschdeg e spektakulären Accident a koum wéinst engem Platte vum Circuit of. Beim Zesummeprall mat engem Bam blouwen hien a säi Bäifuerer awer onverletzt. Et war säin éischten Ausfall an dëser Saison.
Duerch den Out vum Ogier an der zweeter Plaz vum Evans iwwerhëlt de Waliser d'Féierung am Generalklassement. Den Ogier an de Rovanperä sinn elo punktgläich (234) an hunn 13 Punkte Réckstand op den Evans. Den Tänak läit mat 50 Punkte Réckstand op Plaz 4.
Fir de Grégoire Munster war schonn no dem éischten Dag Schluss. De 26 Joer ale Lëtzebuerger war no engem Sprong am Gréngs gelant, dobäi war déi hënnescht riets Radophängung gebrach, wat d'Aus fir de Munster bedeit huet. De Weltmeeschter Thierry Neuville war d'Course och net fäerdeg gefuer. Hien a säi Bäifuerer mussten no engem Accident op enger Bréck fir eng Kontroll an d'Spidol.
Et bleiwen nach wou Manchen a Japan an a Saudi-Arabien ze fueren.