Duerch e Kolleeg koum de Steve Haentges a Kontakt mat enger Carrera-Bunn. Dat war 2019, deemools hat hien 48 Joer. "Ugefaangen huet et mat enger klenger Aachtchen. Duerno ass et ëmmer méi grouss ginn. Iergendwann ass aus dem Hobby dunn e Sport ginn".

De 07.Mäerz 2020 huet de Steve un enger éischter Course deelgeholl. Dat war zu Tréier. Do virdrunner war hie mat de groussen Autoe vill bei der däitscher Rallye- an Autocrossmeeschterschaft aktiv. Och zu Lëtzebuerg ass de Steve Biergcourse a Rallye gefuer.

Beim Steve Haentges doheem ginn et zwee Raim an deene grouss Bunnen opgeriicht sinn. Eemol um Rez-de-Chaussée. Do steet eng riseg Holzebunn mat engen 120 Autoen. Déi zweet steet um éischte Stack. Dëst ass eng Carrera-Bunn. "All Bunn ass aneschtes scho vum Layout hier. Du hues de Stroumleiter, deen op enger Pist e bëssi méi héich ass ewéi op där anerer. Du hues eng Pist, déi ass e bëssi méi laang, mat laang gezunne Kéieren. Déi aner huet enk a kuerz Kéieren".
"Fir den Training geet scho vill Zäit drop. Dat gleeft ee vläicht net. Op engem Owend gi séier mol 300 bis 500 Ronne gedréit. A wann dann emol en Owend eriwwer ass sinn d'A ganz dacks rout. Dat kënnt duerch d’Konzentratioun. Duerch dem Auto nokucke wat e mécht fir dat z'erkennen", esou de Steve Haentges. Mat de klengen Autoen op der Bunn Course fuere wär esou änlech wéi mat deene Grousse bei der Formel 1.
“Wat fréier de rietse Fouss war ass elo de rietse Fanger", esou de Carrera-Fan. “Aus der Kéier eraus, wann s du ze fréi ze fest drécks an däin Auto rutscht dir fort hannen, dat mierks de op der Zäit. Dann feelt en Zéngtel oder zwee. Dat op enger Dauer vun 10 bis 15 Minutten, dann ass déi eng oder aner Ronn fort".
Bei Salzburg gi vum 25. bis 26.September d’"Carrera European Masters" organiséiert. 124 Leit huelen drun deel. Dorënner och eng Ekipp aus Lëtzebuerg. De Steve, de Peter, de Leo an eng Damm, d'Joëlle fueren en Donneschdeg 24. September an Éisträich.

Iwwert de Wee vun der däitscher Meeschterschaft hu sech déi 4 Lëtzebuerger qualifizéiert. Als Ekipp ware si zweemol an Däitschland eng Course fueren. "Am Siège vu Carrera zu Puch gouf extra eng Pist opgebaut. Eng Pist, déi nach kee kennt".
E Freideg ginn d'Eliminatoire gefuer. 6x6 Minutte laang. Dovunner ginn déi fënnef beschte Resultater geholl. Samschdes ginn dann d'Finalle gefuer, wou et em den Europameeschtertitel geet.
"Et muss ee schonn e bëssi verreckt si fir esou eppes ze maachen", esou de Steve Haentges. A wéi sot hien um Schluss vum Interview: “Den Nol am Kapp muss scho ganz grouss sinn".