MotoGPFrancesco Bagnaia gewënnt virum Fabio Quartararo

RTL Lëtzebuerg
Domat kann de Francesco Bagnaia seng 3. Victoire um Stéck feieren an hëlt am General weider 5 Punkten op de Quartararo op.
© AFP (ARCHIV)

Vun der 1. Ronn u war de Francesco Bagnaia de Mann vun der Stonn. Hien huet den Enea Bastianini um Start direkt iwwerholl an ass eng souverän Course vu vir gefuer. Hannendrun ass de Joan Mir gefall an huet d’Course missen opginn. An och den Enea Bastianini, ëmmerhi vun der 1. Plaz an d’Course gaangen, huet d’Course missen no Problemer mam Moto opginn.

Un der Spëtzt vum Feld war et de Francesco Bagnaia, deen déi ganz d’Course keen Zweiwel opkomme gelooss huet an um Enn de Grousse Präis vun Éisträich zu Spielberg souverän gewënnt.

An enger immens spannender Schlussphas hu sech Miller a Quartararo hannendrun e Kampf ëm de Podium geliwwert. Um Enn kënnt de Fabio Quartararo op déi 2. Plaz, dat virum Jack Miller.

Am WM-Klassement ass de Fabio Quartararo mat 200 Punkte weider un der Spëtzt, 32 Punkte virum Espargaro a 44 Punkte virum Bagnaia.

An der Moto2 gewënnt den Ai Ogura nëmme ganz knapps virum Somkiat Chantra. Am General iwwerhëlt den Ai Ogura nees d’Féierung a läit elo 1 Punkt virum Augusto Fernandez.

An der Moto3 gëtt et eng Victoire fir den Ayumu Sasaki. Op déi 2. Plaz fiert den Tatsuki Suzuki an op déi 3. Plaz kënnt den David Munoz. Am General ass de Sergio Garcia weider a Féierung.

D’Resultater vun de Courssen

MotoGP
1. Francesco Bagnaia
2. Fabio Quartararo
3. Jack Miller

Moto2
1. Ai Ogura
2. Somkiat Chantra +0.173
3. Jake Dixon +7.854

Moto3
1.
Ayumu Sasaki
2. Tatsuki Suzuki +0.064
3. David Munoz +0.292

De General

MotoGP
1. Fabio Quartararo 200
2. Aleix Espargaro 168
3. Francesco Bagnaia 156

Moto2
1. Ai Ogura 183
2. Augusto Fernandez 182
3. Celestino Vietti 156

Moto3
1. Sergio Garcia 193
2. Izan Guevara 188
3. Dennis Foggia 144

Back to Top
CIM LOGO