
Mat der Startnummer 335 ass et de 24 Joer jonke Charles Munster, deen hannert dem Steier vun engem “G-ecko” vu KTM wäert sëtzen. Agesat gëtt dat fuschneit Gefier vum belsche G Rally Team. Säi Copilot ass den immens erfuerene Xavier Panseri. Si starte mat dem Buggy-änleche Gefier an der Challenger Kategorie.
Fir de Charles Munster ass et den éischten Depart bei der Dakar. De Xavier Panseri huet scho méi Erfarung a kann zum Beispill op eng exzellent zweet Plaz am General zeréckkucken, dat am Joer 2024. Do war hie mam Guillaume de Mévius gefuer.
Well de “G-ecko” e komplett nei entwéckelten Auto ass, ginn et keng Erfarungswäerter, an et heescht Kilometer fir Kilometer bäizeléieren an erauszefannen, wéi stabil a konkurrenzfäeg de KTM ass.
Da fiert awer och nach dem Charles säi grousse Brudder, de Grégoire Munster dëst Joer bei der Dakar mat. Allerdéngs net wéi ee kéint mengen als Pilot, ma als Copilot. Hien ass kuerzfristeg beim Griich Jourdan Serderidis agesprongen, deem säi Copilot huet musse Forfait erklären. Souwuel fir de Jourdan Serderidis, wéi och fir de Grégoire Munster ass et déi éischt Parcitipatioun bei der Dakar. An den Asaz kënnt e Ford Raptor aus dem Haus M-Sport (Startnummer 269), eng Adress, déi béid ganz gutt kennen. De Grégoire Munster ass déi lescht zwou Saisone fir M-Sport an der Rallye-WM op engem Ford Puma Rally1 gefuer. Och de Jourdan ass a Besëtz vu sou engem Ford Puma Rally1, a genee op deem wäert de Grégoire dann och direkt no der Dakar bei der Rallye Monte-Carlo fueren.
Fir de Grégoire Munster geet et haaptsächlech drëm um Dakar Erfarungen ze sammelen an unzekommen:
Lass geet et den 3. Januar 2026 mam Prolog vu Yanbu op Yanbu. Déi éischt richteg Etapp gëtt dann e Sonndeg gefuer, hei stinn da 518 Kilometer um Programm, wouvunner der 305 chronometréiert ginn.
3. Januar: Prolog: Yanbu → Yanbu: 98 Kilometer (23 km chronometréiert)
4. Januar: 1. Etappe: Yanbu → Yanbu: 518 Kilometer (305 km SS)
5. Januar: 2. Etappe: Yanbu → Al-'Ula: 504 Kilometer (400 km SS)
6. Januar: 3. Etappe: Al-Ula → Al-'Ula: 666 Kilometer (422 km SS)
7. Januar: 4. Etappe (Marathon): Al-'Ula → provisoresche Biwak: 526 Kilometer (451 km SS)
8. Januar: 5. Etappe (Marathon): provisoresche Biwak → Ha’il: 428 Kilometer (372 km SS)
9. Januar: 6. Etappe: Ha’il → Riad: 920 Kilometer (331 km SS)
10. Januar: Roudag zu Riad
11. Januar: 7. Etappe: Riad → Wadi ad-Dawasir: 876 Kilometer (462 km SS)
12. Januar: 8. Etappe: Wadi ad-Dawasir → Wadi ad-Dawasir: 717 Kilometer (481 km SS)
13. Januar: 9. Etappe (Marathon): Wadi ad-Dawasir → provisoresche Biwak: 531 Kilometer (410 km SS)
14. Januar: 10. Etappe (Marathon): provisoresche Biwak → Bischa: 469 Kilometer (421 km SS)
15. Januar: 11. Etappe: Bischa → Al-Henakiyah: 882 Kilometer (347 km SS)
16. Januar: 12. Etappe: Al-Henakiyah → Yanbu: 718 Kilometer (310 km SS)
17. Januar: 13. Etappe: Yanbu → Yanbu: 141 Kilometer (105 km SS)