De Mattias Ekström huet de Prolog an domat den Optakt vun der Rallye Dakar 2026 a Saudi-Arabien fir sech entscheet. De Ford-Pilot konnt säin Teamkolleeg Mitch Guthrie an de Guillaume de Mévius vum Team X-Raid hannert sech loossen, dat mat engem knappen Ecart vu jeeweils 8 Sekonnen.
Fir de Grégoire Munster, deen als Co-Pilot nieft dem Griich Jourdan Serderidis sëtzt, ass am Prolog déi 40. Plaz erausgesprongen, dat mat engem Ecart vun 1:22 Minutt op de Gewënner. Well de Prolog d’Startplaz vun der 1. Etapp decidéiert, ass d’Pace hei ëmmer immens héich. No der Course huet d’Ekipp sech mat dëser Placéierung zefridde gewisen, well een domat net sou vill Stëbs vu méi luese Géigner ofkréie wäert.
Déi 90. Plaz ass et fir säi Brudder Charles Munster ginn, deen als Pilot hannert dem Steier vun engem “G-ecko” vu KTM sëtzt. Den Ecart op de Gewënner war fir hie bei 2:29 Minutten. An der Challenger-Kategorie huet dat um Enn déi 16. Plaz bruecht.
Weider geet et e Sonndeg also mat der 1. Etapp, déi zu Yanbu gefuer gëtt.