Fir den Chester Kieffer ass et déi zweete Saison am Porsche 911 GT3 Cup. D’lescht Joer war hien am franséische Carrera Cup bei 10 vun 12 Courssen beschte Rookie, huet den Titel vum beschten Nowuespilot gewonnen, an huet d’Saison als 6. am General ofgeschloss. Dëst Joer fillt hien sech prett fir deen nächste Schrëtt. Hie fiert den däitsche Carrera Cup a parallel dozou den europäesche Supercup. Déi éischte Course vum Porsche Mobil1 Supercup ass dëse Weekend zu Monte Carlo.
Suivéiert de PORSCHE MOBIL1 SUPERCUP MONTE CARLO 2026 mat Lëtzebuerger Commentaire live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn och d’Porsche-Supercup-Contenuen op RTL PLAY elo mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Highlights vun de Porsche-Supercup-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir de Porsche Supercup op RTL PLAY ze bezuelen.
Course, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play Sonndeg, 7. Juni 2025:
Ufank vun der Emissioun: 11h40
Depart vun der Course: 11h45
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 12h30
Commentaire: Tom Hoffmann
