Porsche SupercupChester Kieffer wëll d'Rookie-Championnat gewannen

Serge Pauly
2022 gouf den Dylan Pereira Porsche-Supercup-Champion. Elo stellt sech mam Chester Kieffer den nächste Lëtzebuerger der Erausfuerderung vum international renomméierte Markepokal. D’Saison fänkt dëse Weekend zu Monaco un.
© Porsche Mobile 1 Supercup

Sainte Devote, Casino, Mirabeau, Piscine, Rascasse... Nëmmen déi bekanntste Kéieren um legendäre Circuit vu Monte Carlo. Do wou sech dëse Weekend net nëmmen d'Formel-1-Pilote moossen, mee och déi 27 Fuerer vum Porsche Supercup. Well een um monegassesche Stroossecircuit net teste kann, wäert den Chester Kieffer déi 3,3 Kilometer eréischt dëse Weekend entdecken. Am RTL-Interview erkläert hien, dass hie probéiert huet, sech am Simulator trotzdeem beschtméiglech ze preparéieren.

Et ass net seng éischt Saison am Porsche 911 Cup. D’lescht Joer ass hien de franséische Carrera Cup gefuer, huet bei 10 vun 12 Courssen d'Rookie-Wäertung gewonnen, gouf dann och Rookie-Champion a 6. am General. Dës Saison attackéiert hien deen nächste Level: den däitsche Carrera Cup a parallel dozou den europäesche Supercup.

D'Saison am däitsche Cup huet schonn ugefaangen an och do loosse sech d'Resultater duerchaus weisen: bei 6 vun 8 Coursse beschten Nowuesspilot, Leader am Rookie-Klassement an 8. am Général.

Och am Porsche Supercup wëll den Chester Kieffer virun allem beschten Nowuesspilot ginn: “D’Zil ass et, de Rookie-Titel ze gewannen”.

Den Dylan Pereira suivéiert als Porsche-Coach d’Entwécklung vum Chester Kieffer ganz intensiv an attestéiert him eng gutt Preparatioun, an ënnersträich och d’Qualitéit vum Team. Déi franséisch Ecurie Schumacher CLRT huet d’lescht Joer mam Alessandro Ghiretti de Champion gestallt. An der Startopstellung kritt den Chester Kieffer iwwregens prominent Gesellschaft. De fréiere Formel-1Weltmeechter Jacques Villeneuve soll bei allen 8 Courssen um VIP-911 matfueren.

D’Coursse vum Porsche Mobil1 Supercup lafen alleguer am Virprogramm vun der Formel 1. Nieft Monaco stinn och nach Barcelona, Spielberg, Spa, Budapest, Zandvort a Monza um Programm. RTL Lëtzebuerg iwwerdréit och dës Saison alleguerten d’Coursse vum Porsche Supercup mat Lëtzebuerger Commentaire op RTL ZWEE an am Stream op RTL PLAY. Den Optakt zu Monaco kënnt Dir e Sonndeg vun 11:40 Auer u live suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO