Rallye DakarToyota-Piloten dominéieren zweet Etapp, Grégoire Munster 71.

Tom Nols
5 Gefierer vun der japanescher Mark op de 5 éischte Plazen. Neie Leader am General ass den Dacia-Pilot Nasser Al-Attiyah. De Lëtzebuerger Grégoire Munster verléiert vill Zäit.
De Seth Quintero konnt sech op der zweeter Etapp viru 4 weideren Toyota-Pilote behaapten
De Seth Quintero konnt sech op der zweeter Etapp viru 4 weideren Toyota-Pilote behaapten.
© GIUSEPPE CACACE/AFP

De Seth Quintero huet déi zweet Etapp vun der Dakar Rallye gewonnen. Den US-amerikaneschen Toyota-Pilot hat op der Arrivée zu Al-'ula eng Avance vun enger Minutt an 42 Sekonnen op säin Teamkolleeg Henk Lategan. Drëtte gouf de Yazeed Al Rajhi, mat engem Réckstand vun enger Minutt a 56 Sekonnen. Hien, an och den Australier Toby Price an de Portugis Joao Ferreira, déi op de Plaze véier a fënnef ukomm sinn, fueren alleguer Toyota.

Kee gudden Dag war et fir de Lëtzebuerger Grégoire Munster, dee Copilot ass vum griichesche Ford-Fuerer Jourdan Serderidis. No ville Problemer an enger Zäitstrof vu fënnef Minutten war et um Enn déi 71. Plaz mat engem Réckstand vun 56 Minutten an 23 Sekonnen. Säi Brudder Charles Munster, deen op engem KTM X-Bow fiert, klasséiert sech op der zweeter Etapp zwou Plazen hannendrun als 73., säi Retard louch net just bei enger Stonn.
Am General läit de Grégoire op Plaz 52 (Retard eng Stonn, 14 Minutten, 32 Sekonnen), de Charles steet aktuell op der 69. Plaz (Retard eng Stonn 30 Minutten zwou Sekonnen).

Den Equipage Serderidis/Munster huet op der zweeter Etapp vill Zäit verluer
Den Equipage Serderidis/Munster huet op der zweeter Etapp vill Zäit verluer
© ANTONIN VINCENT / DPPI / DPPI VIA AFP

De Leader no der éischter Etapp Guillaume de Mévius (X-Raid Team) konnt sech mat aacht Minutten an 20 Sekonne Retard als 12. klasséieren. De Katarer Nasser Al-Attiyah gouf deen Aachten an huet elo vum Belsch d’Spëtzt vum Generalklassement iwwerholl. Hie läit siwe Sekonne virum Quintero.

KTM iwwerhëlt de Kommando

Bei de Motorrieder huet de KTM-Wierkspilot Daniel Sanders d’Spëtzt vum Generalklassement iwwerholl. Den australeschen Titelverdeedeger konnt seng 10. Etappevictoire feiere bei der Dakar Rallye. Säi spueneschen Teamkolleeg Edgar Canet, deen de Prolog an déi éischten Etapp gewonnen hat, koum mat engem Retard vun enger Minutt a 35 Sekonnen op déi zweete Plaz. Drëtte gouf den Honda-Fuerer Ricky Brabec aus den USA, säi Retard louch bei zwou Minutten an 18 Sekonnen. De Sanders féiert elo am General mat 30 Sekonne virum Canet.

En Dënschdeg féiert déi drëtt Etapp vun der Dakar Rallye, déi a Saudi-Arabien gefuer gëtt, iwwer 736 Kilometer vun Al-'ula zréck op Al-'ula. 422 Kilometer dovu wäerten op Zäit gefuer ginn.

Hei nach emol d’Resultater vun der éischter Etapp:

Back to Top
CIM LOGO