Nom Prolog e Samschdeg, bei deem d’Startplaze fir den Optakt decidéiert goufen, ass e Sonndeg déi 1. Etapp vun der Rallye Dakar 2026 a Saudi-Arabien gefuer ginn. Um Enn gouf et hei eng Victoire fir de Guillaume de Mévius a säi Co-Pilot Mathieu Baumel am Mini. Bal déi ganz Course war de Vainqueur vum Prolog, de Mattias Ekström, un der Spëtzt, ma kuerz viru Schluss ass de Schweed nach op déi 4. Plaz zréckgefall. De Podium komplettéiert hunn den Nasser Al-Attiyah am Dacia mat 40 Sekonne Réckstand an de Martin Prokop am Ford Raptor mat 1:27 Minutt Retard.
Fir de Grégoire Munster, deen als Co-Pilot vum Jourdan Serderidis mat dobäi ass, ass et op der 1. Etapp déi 33. Plaz ginn. Genee wéi och aner Top-Pilote, wéi beispillsweis den Nani Roma oder de Carlos Sainz, war och fir si d’Navigatioun op dëser Etapp eng gewëss Erausfuerderung. Trotz engem Platten am Ufank hätt ee mat enger konstanter Geschwindegkeet deen een oder aneren iwwerholl, vun deem een ufanks nach vill Stëbs ofkrut hätt, sou d’Ekipp vum Grégoire Munster, déi sech no der Arrivée net onzefridden iwwer d’Resultat gewisen huet.
De Charles Munster ass als Pilot zesumme mam Xavier Panseri mam KTM X-Bow op déi 63. Plaz komm. Och si hu sech mat Bléck op déi schwiereg Streckekonditiounen zefridde mat deem Resultat gewisen. Et hätte vill Autoe wéinst de ville Steng stoe bleiwe missen an dowéinst wier ee frou, datt ee mat enger méi virsiichteger Fuerweis a mat engem Auto a guddem Zoustand op der Arrivée ukomm ass, sou d’Ausso vun der Ekipp vum Charles Munster no der Course.
E Méindeg geet et mat der zweeter Etapp weider, déi vu Yanbu aus op Alula geet.