Basketball-ChampionnatMusel Pikes klappen Diddeleng no Verlängerung, Steesel wënnt géint Bartreng

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg war den Optakt vum zweete Spilldag am Basketball-Championnat bei den Hären.
© AFP (Archiv)

Hären

D'Amicale Steesel setzt sech doheem mat 95:91 géint d'Sparta Bartreng duerch. Allerdéngs huet d'Lokalekipp an de leschte Sekonne bal eng grouss Féierung nach verspillt. Bartreng hat no 8 Punkten Réckstand ronn 2 Minutte viru Schluss nach d'Méiglechkeet, a Féierung ze goen, huet dës Aktioun allerdéngs net genotzt. Mat 30 Punkten huet de Conley Phipps bei Steesel der Partie säi Stempel opgedréckt, de Maid Adrovic koum op 17 Punkten fir d'Lokalekipp.

Ganz spannend war d'Partie tëschent de Musel Pikes an dem T71 Diddeleng. No Verlängerung setzt sech d'Lokalekipp 82:77 duerch. 28 Punkten goungen op de Kont vum Julian Hammond, de Johan Bouttet konnt mat wichtege Punkten zum Schluss iwwerzeegen.

D'Arantia Fiels setzt sech kloer mat 99:64 géint d'Kordall Steelers duerch. Mat engem staarken drëtte Véierel (31:9) huet d'Lokalekipp sech ofgesat. Den Edson De Sousa huet mat
26 Punkten iwwerzeegt bei der Lokalekipp.

D'Résidence Walfer wënnt däitlech mat 85:61 géint de Gréngewald Hueschtert, dat nodeems d'Lokalekipp déi zweet Hallschecht dominéiert huet. Den Demarkus Stuckey koum
op 26 Punkten fir Walfer.

________________________________________________

Dammen

Bei den Damme gouf de kompletten zweete Spilldag um Samschdeg gespillt. De Champion T71 Diddeleng setzt sech an eegener Hal mat 91:72 géint den Opsteiger Gréngewald
Hueschtert duerch. Dobäi huet d'Lokalekipp sech mat engem 20:0-Laf direkt no der Paus entscheedend ofgesat. D'Lauren Van Kleunen konnt 25 Punkte fir Diddeleng markéieren,
d'Catherine Mreches huet 21 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

D'Musel Pikes si mat zwou Victoiren an d'Saison gestart. Doheem konnt d'Ekipp vun der Musel sech mat 74:64 géint den AB Contern duerchsetzen. Op en Neits war d'Nationalspillerin Magaly Meynadier net ze stoppen. Si konnt niewent 20 Punkten och 13 Rebounds, 5 Assists a 4 Steals notéieren.

Eng enk Partie gouf et zu Steesel, wou d'Gäscht vum Basket Esch sech mat 82:77 behaapt hunn. Fënnef Spillerinne vun de Gäscht hunn zweestelleg Punkten markéiert. D'Joy Baum hat
um Enn 20 Punkten um perséinleche Kont.

Back to Top
CIM LOGO