
D'US-Amerikanerinne sinn als grousse Favorit an dësen Tournoi gestart an dëser Roll um Enn gerecht ginn, insgesamt gewannen d'USA d'Goldmedaile bei den Dammen fir déi fënnefte Kéier hannerteneen. Trotzdeem goufen et Matcher, an deenen de Weltmeeschter gefuerdert gouf, och an der Finall um Sonndeg. De Géigner Frankräich louch an der Paus 45:43 a Féierung an eng Sensatioun louch an der Loft. Mat engem staarken drëtte Véierel hunn d'US-Damme sech e Virsprong erausgespillt a wannen um Enn 97:79. Déi gréisste Stäerkt vun der Ekipp hunn d'USA och an der Finall nees ënner Beweis gestallt, e ganz qualitativ héich besate Kader mat villen Optiounen; fënnef Spillerinnen hunn zweestelleg Punkte markéiert.

Frankräich huet als Vizeweltmeeschter net nëmmen eng historesch gutt Placéierung erreecht, mee sech och fir déi olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles qualifizéiert, d'USA waren als Lokalekipp och virun der WM scho qualifizéiert. Fir déi Lëtzebuergesch Supporter gëtt et de 14. November en absolut Highlight, da kënnt de Vize-Weltmeeschter op Lëtzebuerg wou d'FLBB Selektioun an der Coque um Kierchbierg am Kader vun der EM-Qualifikatioun 2027 géint den Noper spillt.
D'Bronzemedaile geet bei der WM u Spuenien, déi sech am Match em Plaz dräi um Sonndeg géint Däitschland mat 81:58 duerchgesat hunn. Kloer beschte Spillerin bei Spuenien war d'Iyana Martin mat 22 Punkten an 9 Assists.
Fir d'Lokalekipp war et eng Weltmeeschterschaft, déi vill Euphorie am Land ausgeléist huet. 2023 waren déi däitsch Häre sensationell Weltmeeschter ginn, elo hunn d'Damme gewisen, dass och si an der Weltspëtzt ukomm sinn. Vill Matcher an der Uber Arena zu Berlin ware mat méi wei 16.000 Zuschauer ausverkaaft, déi héchste Supporterzuelen, déi an Däitschland fir den Dammebasket jeemools erreecht goufen.