Beim internationale Cyclocross zu Péiteng gewënnt bei den Dammen d'Shirin van Anrooij aus Holland. Bei den Hären gewënnt de Marcel Meisen.

Resumé Cyclocross Péiteng / Reportage Lynn KJayser

No 3 Victoiren ass et op Neijoerschdag fir d'Christine Majerus näischt mat enger weiderer 1. Plaz ginn. D'Lëtzebuerger Championne huet sech misse mat der 4. Plaz zefridde ginn. Si hat e Retard vu ronn 50 Sekonnen.

Gewonne gouf d‘Course vum Shirin van Anrooij. Déi 18 Joer al Hollännerin hat och dës Saison den internationale Cross zu Conter gewonnen. Um Podium stoungen nach d‘Amerikanerin Rebecca Fahringer an d‘Hollännerin Pauliena Rooijakkers. Si haten e Retard vu 16 respektiv 30 Sekonnen op d'Gewënnerin.

Bei der Hären-Elite gouf et eng Victoire fir den Däitsche Marcel Meisen. D'Nummer 10 an der Weltranglëscht louch vum dem 2. Tour u souverän un der Spëtzt. Fir de Marcel Meisen war et déi 5. Victoire hannerteneen zu Péiteng. Hannert dem Marcel Meisen huet et laang duerno ausgesinn, datt den Tschech Emil Hekele géing op déi 2. Plaz fueren, ma am leschten Tour konnten nach eng Kéier Konkurrente vun hanne bei hien opschléissen an esou ass d'Decisioun am Sprint gefall. Hei hu sech de Maik van der Heijden aus Holland an de Lucas Dubau aus Frankräich d'Plazen 2 an 3 konnte sécheren. Den Hekele ass de 4. ginn. Si haten e Retard vu ronn 35 Sekonnen.

Beschte Lëtzebuerger war e Mëttwoch de Lex Reichling als 16. De Préizerdauler hat e Retard vu knapp 3 Minutten op de Gewënner Meisen. Am Géigesaz zu senge gréisste Konkurrente fir d'Championnat den 12. Januar zu Miersch, Scott Thiltges a Vincent dias Dos Santos, huet hie sech mat der internationaler Konkurrenz gemooss an ass aktuell zefridde mat senger Form.

Florian Richard heescht de Gewënner vun der internationaler Juniorcourse. De Fransous huet sech am Sprint virum Belsch William Lercerf duerchgesat. Um Podium stoung nach de Fransous Ugo Ananie. Eng staark Leeschtung huet de Mats Wenzel gewisen. Hien ass mat engem Retard vu ronn 2 Minutten de 4. an domat och beschte Lëtzebuerger ginn.

Bei den Debutante gouf et eng Victoire fir de Mathieu Kockelmann. Den Déifferdenger huet sech ganz kloer virum Yann Lux an dem Emilien Philibert aus Frankräich duerchgesat. Bescht Meedche war d‘Liv Wenzel.