E Samschdeg sollt d'UAE an den Arabeschen Emirater an sech op en Enn goen, elo huet d'Course misste fréizäiteg ofgebrach ginn.

Zwou Etappe viru Schluss gouf d'UAE ofgebrach, nodeems zwee Italiener positiv op de Coronavirus getest goufen, dat mellen d'Organisateure vum Tour an den Arabeschen Emirater.

Alleguerten d'Participante vum Tour, d'Personal an d'Organisateure géife reegelméisseg elo kontrolléiert ginn an a Quarantän gesat ginn. Den offiziellen Hotel vun de Cycliste gouf an der Nuecht op e Freideg komplett ofgerigelt.

Och de brittesche Cyclist a 4-fachen Tour-de-France-Gewënner Chris Froome ass vun dëse Mesure betraff an huet sech traureg iwwert den Ausgang vum Tour gewisen, huet allerdéngs ënnerstrach, dass d'Gesondheet virgoe géif.

Et géif een elo d'Tester ofwaarden a bis dohinner wéi geplangt am Hotel bleiwen. D'Course sollt an sech e Samschdeg zu Abu Dhabi op en Enn goen, de Britt Adam Yates stoung virun der Victoire vum Tour.