De Gewënner vum Dag Primoz Roglic an déi aner Favoritte sinn en Donneschdeg nach bei Reen iwwert d'Arrivée gefuer, ma kuerz drop huet d'Wieder ëmgeschloen.

Déi ofgehaange Coureuren haten et en Donneschdeg beim Critérium du Dauphiné op de leschte Kilometer uewenaus um Cole de Port net einfach. E kräftegt Donnerwieder mat zolitte Knëppelsteng ass néier gaangen.

D'Knëppelsteng, déi deels esou grouss wéi Dëschtennisbäll solle gewiescht sinn, hunn d'Strooss an eng Äispist verwandelt. Verschidde Coureuren hu misse vum Vëlo klammen a sinn zu Fouss op d'Arrivée getrëppelt.

Och d'Coureure waren no der Course vum Wieder gezeechent. Den Tim Declerq vun der Ekipp Deceuninck Quick-Step huet eng Foto vu sengem Réck op de soziale Medie publizéiert.

Och de Sportdirekter vu Groupama - FDJ, Philippe Mauduit, huet d'Donnerwieder an engem Video dokumentéiert.