Léck-Baaschtnech-LéckLizzie Deignan séchert sech en solitaire d'Victoire

RTL Lëtzebuerg
An der Damme-Course vum Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck huet sech d'Brittin virum Grace Brown an dem Ellen van Dijk duerchgesat.
Resumé vu Léck-Baaschtnech-Léck
Bei den Hären huet sech de Primoz Roglic duerchgesat, bei den Damme war d’Victoire fir d’Lizzie Deignan.

D’Lizzie Deignan (Trek-Segafredo) huet sech e Sonndeg d’Victoire beim Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck geséchert. Domadder steet elo eng weider grouss Victoire am Palmarès vun der Brittin. Um Podium stoungen nach d’Australierin Grace Brown an d’Hollännerin Ellen van Dijk.

Déi 31 Joer al Brittin hat sech 30 Kilometer virun der Arrivée eleng un d’Spëtzt gesat. 14 Kilometer virun der Arrivée hat nach d’Grace Brown an der Côte de la Roche-aux-Faucons aus engem Verfolgergrupp eraus nogesat. D’Australierin ass bis op e puer Sekonnen och un d’Brittin erukomm. Ma d’Deignan konnt sech um Enn iwwert d’Ligne d’Arrivée retten an d’'Course gewannen. Mat engem Retard vun 9 Sekonnen ass d’Grace Brown déi Zweet ginn. D’Ellen van Dijk, Coequipière vun der Gewënnerin, ass mat engem Retard vun 2 Minutten an 19 Sekonnen déi Drëtt ginn.

Mam Christine Majerus war och eng Lëtzebuergerin um Depart. D’Lëtzebuerger-Champione ass als 37. op 4 Minutten an 28 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer.

D’Course vun den Häre gëtt vun 14.30 Auer u live op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.

Top10 vun der Course

1 Deignan Elizabeth Trek-Segafredo Women 400 200 3:29:48
2 Brown Grace Mitchelton-Scott 320 170 0:09
3 van Dijk Ellen Trek-Segafredo Women 260 140 2:19
4 Vos Marianne CCC - Liv 220 130 ,,
5 Pieters Amy Boels - Dolmans Cycling Team 180 120 ,,
6 Barnes Hannah Canyon SRAM Racing 140 110 2:21
7 Reusser Marlen Équipe Paule Ka 120 100 ,,
8 Labous Juliette Team Sunweb 100 90 ,,
9 Aalerud Katrine Movistar Team 80 80 2:26
10 Lippert Liane Team Sunweb 68 70 3:27

Back to Top
CIM LOGO