Aus Lëtzebuerger Siicht gesäit et net gutt aus bei der Tour de France dëst Joer. De Bob Jungels gëtt d'nächst Woch operéiert.

De Bob Jungels geet net un den Depart vum Tour de France. Dat huet seng Ekipp AG2R Citroën offiziell matgedeelt.

Hie geet och net un den Depart vum Lëtzebuerger Championnat an ass och net bei den olympesche Spiller zu Tokyo mat dobäi.

De fréiere Léck-Baaschtnech-Léck-Gewënner huet Problemer mat der Iliaque-Ven. Deen Ament, wann hien héich Wattzuele dréckt, ginn déi zwee Been net méi richteg duerchblutt a schwëllen un. Et ass dann onméiglech nach Kraaft op d'Pedallen ze kréien.

Déi Diagnos krut hie bei engem Dokter an der Belsch. De Bob Jungels gëtt déi nächst Woch operéiert, wéi hie selwer op Twitter matgedeelt huet um Samschdeg de Moien.

Jempy Drucker nach net selektionéiert

En Donneschdeg huet déi franséisch Ekipp Cofidis, déi éischt 6 Coureuren annoncéiert, déi am Tour de France mat dobäi sinn.

De Jempy Drucker ass net ënnert hinnen. Déi zwou lescht Plaze dierften nom Championnat dëse Weekend a Frankräich annoncéiert ginn.

De Grand Départ vum Tour de France ass e Samschdeg an enger Woch zu Brest.