
Virun 3 Wochen huet de Ralph Diseviscourt d’Race Across Belgium gewonnen. E Samschdeg huet hie mat der Race Across France schonn déi nächst Course am Ultra-Cyclissem an Ugrëff geholl.
An den nächsten Deeg muss de Lëtzebuerger vun der Normandie, iwwert d’Alpen bis op d’Côte d’Azur 2.600 Kilometer zeréckleeën.
Zanter e Samschdeg den Owend 20.10 Auer ass den Dizzy, wéi de Ralph Diseviscourt och nach genannt gëtt, ënnerwee. Trotz schlechtem Wieder huet hien deen éischten Dag um Vëlo gutt iwwerstanen a läit un der Spëtzt vun der Course. Bis e Sonndeg den Owend 17.30 Auer hat hie scho 655 Kilometer erofgespullt.
Geplangt ass, datt de Lëtzebuerger e Freideg ukënnt.
