
Urgentiste wëlle beim Samu matfueren, Anästhesiste sinn dogéint, mam Argument, datt d’Qualitéit vum Service dorënner géif leiden. Als ee weideren inoffizielle Grond gëtt hannert de Kulissen awer och d’Bezuelung genannt, wéinst där d’Anästhesisten de Samu net wëlle méi grouss opmaachen. An effektiv si Samu-Schichte ganz lukrativ, wéi eis Recherchë gewisen hunn.
Virun e puer Woche waren d’Organisatioun an de Fonctionnement beim Samu jo schonn eng Kéier an der Aktualitéit. De Référentiel (Dokument, wat d’Organisatioun an de Fonctionnement vum Samu definéiert) soll ugepasst ginn, dat nodeems Urgentiste gefuerdert hunn, beim Samu dierfe matzefueren. Bis elo dierfe just Dokteren an Infirmiere mat der Anästhesie- a Reanimatiouns-Spezialisatioun matfueren, ma dat soll sech op Wonsch vun den Urgentisten, déi och am Ausland dierfe mam Samu fueren, änneren.
D’Anästhesiste gesinn déi Propos ganz skeptesch. Wéi de President vum Cercle vun den Anästhesisten, den Dr Philippe Welter, am RTL-Interview erkläert, wier et de Binôme tëschent Anästhesist an Infirmier-Anästhesist, dee “besser géif funktionéiere wéi eng Hochzäit”. Un deen dierft een net fréckele goen, dat géif der Qualitéit vum Service schueden. Et géif och keng Penurie un Anästhesiste ginn, deemno wier kee Besoin do, de Samu fir aner Dokteren opzemaachen.
Anescht gesinn dat d’Urgentisten: Fir si ass de SAMU Deel vum Beruff, deen si gewielt hätten. D’Spezialisatioun vum Urgentiste hätt sech an de leschte Joren entwéckelt an et hätt een déi néideg Qualifikatiounen, fir um SAMU matzefueren. Dofir dierft een dat jo och am Ausland maachen. Wéinst de Restriktioune fir d’Urgentisten géifen der och vill net wëllen zu Lëtzebuerg schaffen.
Eppes steet fest: Vill Doktere wëllen um SAMU matfueren. Wéi een awer hannert de Kulissen héiert, huet dat och domat ze dinn, datt d’SAMU-Schichte ganz gutt bezuelt ginn. Ma wéi vill genee ass net esou evident eraus ze fannen.
Wéi mir op Nofro hi vum CGDIS confirméiert kritt hunn, kritt een Anästhesist pro Stonn Astreinte (am Stand-by) 121,24 Euro. Donieft ginn awer alleguerten d’Asätz, grad esou wéi déi verschidden Akten eenzel fakturéiert.
D’Tariffer vun dëse medezineschen Akte stinn an der CNS Doktesch Nomenclature. Am 133 Säite laangen Dokument fënnt een déi fir de Samu relevant Informatiounen, déi mir an dëser Tabell méi iwwersiichtlech eraus geschriwwen hunn.

Wéi aus dëser Tabell ervirgeet, verdéngt een als Dokter pro Asaz ee gutt Stéck drop: fir all Asaz ginn et ronn 200 Euro, dobäi kommen dann nach eenzel Akten respektiv Supplementen, beispillsweis wann eng Urgence méi wäit fort ass, oder d’Dokteren iwwer de Loftwee op den Asaz mussen. Krankentransporter gi mat 300 Euro verbucht. Net mat agerechent, sinn hei Nuetsstonnen, Sonndesstonnen an d’Feierdeeg.
D’Bezuelung pro Schicht hänkt dovun of, wéi laang dës dauert, wéi vill Asätz gefuer ginn, an och zu wéi enger Auerzäit respektiv op wéi engen Deeg geschafft gëtt.
Als Beispill kéint een eng Schicht vun 12 Stonnen huelen. Dat sinn 1454,88 Euro reng fir d’Disponibilitéit.
Eisen Informatiounen no huet een Dokter op esou enger Schicht an der Moyenne tëscht 3 a 5 Asätz. Wann een also vu 4 Asätz ausgeet, wier een op ronn 800 Euro. Op enger 12-Stonne-Schicht mat 4 Asätz géif een Dokter also ronn 2.250 Euro verdéngen. Net mat agerechent sinn extra medezinesch Akten, Supplementen oder Krankentransporter.
Bei Nuets-, Sonndes- a Feierdeeg-Stonne ginn d’Akten duebel verrechent, op dëse Schichte kann een da schonn emol op Bezuelunge vun iwwer 5.000 Euro kommen.
Wéi vill een Dokter an der Moyenne op enger Samu-Schicht verdéngt, krute mir vun der CNS op Nofro hin net gesot.
Och dës Informatioun war net evident ze kréien. Mee wéi eis de Chef de Base vum Samu um Kierchbierg, den Dr Philippe Welter, erkläert, sinn et déi verschidde Chef de Base, déi decidéieren, wéi d’Schichten opgedeelt ginn, a wie wéini dierf schaffen. Vum CGDIS ginn et do keng Virgaben. Dem Dr Welter no kënnt ee beim Samu um Kierchbierg iwwert d’Joer gekuckt op eng Moyenne vun 200 Euro d’Stonn, déi een op enger Samu-Schicht verdéngt.
Wéi den Dr Welter eis erkläert, gëtt et beim Samu um Kierchbierg ee gerechte Verdeelungsschlëssel, wat esouwuel d’Schichte wéi och d’Bezuelungen ugeet:
Dr Philippe Welter:
“Mir sinn zu 13 Anästhesisten, déi um Samu fueren an dat gëtt eben duerch en Opstellplang, e Gardëplang festgehalen. An dat ass homogen, dat heescht jiddweree mécht esou vill Gardë wéi den Noper. Dat heescht, mir maachen alleguer plus ou moins déi selwecht Zuel vu Gardëstonnen. Dat heescht, dat ass och opgedeelt, ob dat elo d’Nuechte sinn oder, ob et Weekender sinn oder, ob et Feierdeeg sinn, dat deele mer ënner eis op.”
Dëse Fonctionnement ass awer net vum CGDIS virginn, och do kann also all Chef de Base decidéieren, wéi hie seng Equippen organiséiert.
Dr Philippe Welter:
“Si organiséiere sech op all de Basen, wéi d’Méiglechkeete sinn a wéi si grad wëllen, jo.”
Gëtt et also och d’Méiglechkeet, datt gewëssen Doktere méi vun de lukrativen Samu-Schichte profitéiere kënne wéi anerer?
Dr Philippe Welter:
“Eventuell. Mee souwäit ech meng aner Kolleege Chefs de Base kennen, gëtt dat och do ganz fair behandelt.”
RTL-Informatiounen no géifen déi gutt Bezuelung vill Freelance-Dokteren aus dem Ausland unzéien. Dës Informatioun huet eis den Dr Welter confirméiert, deen dëse Phenomen awer kritesch gesäit:
Dr. Philippe Welter:
“Ech kann dat confirméieren, datt relativ vill Freelancen do sinn. Ëmmer méi am Fong. Ech kann dat awer net begréissen, dat ass elo net esou a mengem Objektiv an dat hate mer och deemools 2018 gesot, wou mer fusionéiert hu mam CGDIS, dass mer gesot hunn, jo, Auslänner fir ze hëllefen, ass kee Problem, mee d’Haaptgewiicht soll op de Spidolsdokteren aus dem Land sinn, well mir gären hätten, dass op d’ mannst 50% Aktivitéit am Spidol ass, ebe just fir déi Kompetenz an den Know-how ze behalen, déi en dann all Dag am Fong brauch.”
Wéi Urgentisten am Gespréich mat RTL erklären, wier déi gutt Bezuelung den Haaptgrond, firwat d’Anästhesisten de Samu net wéilte fir si opmaachen. Anescht géife si sech dat net erklären.
Drop ugeschwat reagéiert den Dr Welter esou.
Dr. Philippe Welter:
“Ech kann dat verstoen. Ech menge mir leien de Moment, wann een et ka soen, bei 200 Euro Brutto d’Stonn. Ob dat elo Dag, Nuecht, Feierdeeg ass, Weekend, dat ass egal, den Tarif bleift dee selwechte mat den Asätz. Wann ech elo hir Tarifstruktur kucken an den Urgencen, déi ass ganz komfortabel an de leschte Joer an d’Luucht gaangen, also do hëlt keen deem aneren eppes ewech. Eis kann et am Fong e bëssen egal sinn, also mir verléieren näischt a mir gewannen och net méi oder manner, och par rapport zu hinnen.”
Wéi geet ee beim Samu mat de Steiersuen ëm a wéi gëtt d’Bezuelung an engem Service wéi dem SAMU organiséiert? An eise Recherchë waren all dës Informatioune schwéier ze fannen. Och op d’Fro, wéi vill Budget am Joer fir de Samu virgesinn ass, waarde mir nach op eng Äntwert vun der CNS.
Iwwert den ugepasste Référentiel soll am Verwaltungsrot vum CGDIS Ugangs 2026 ofgestëmmt ginn.