
Domadder fält si och fir d’Weltmeeschterschaft an Australien aus, wou si als eenzeg Damm bei der Elite fir Lëtzebuerg un den Depart sollt goen.
Wéi d’Christine Majerus weider op Instagram schreift, misst si sech elo fir déi nächst dräi Woche komplett schounen, fir datt hir Blessuren no der Operatioun ufänke kënnen, ze verheelen. Dobäi géing d’Profisportlerin hoffen, datt si net “vu Langweil stierft”.