Dës Course, mat Depart an Arrivée zu Harelbeke, zielt duerch hir Schwieregkeet als Generalprouf fir den Tour des Flandres (2.Abrëll).

Et hat sech eng spannend Course annoncéiert an um Enn waren et dann och mam Tadej Pogacar, Mathieu van der Poel a Wout van Aert déi dräi grouss Favoritten, déi sech eleng ofgesat haten.

Dës dräi Coureure si bis zum Schluss dann och net méi ageholl ginn an et koum zu engem Sprint tëscht dësen dräi dominante Sportler. An do war et de Wout van Aert, dee schonns wéi d'lescht Joer dës Course fir sech entscheede konnt. Déi zweet Plaz goung un de Mathieu van der Poel, dat virum Tadej Pogacar, deen domat de Podium komplettéiert huet.

De Kevin Geniets ass als 25 mat iwwer dräi an eng hallef Minutt iwwert d'Zillinn gefuer an den Alex Kirsch hat bal 8 Minutte Retard als 49.

D'Top 10 vun der Course

RTL

© Screenshot