E Mëttwoch goung et op der 5. Etapp vum Tour de France iwwer 163 schwéier Kilometer vu Pau op Laruns.

Den Jai Hindley hat am leschte Bierg attackéiert a gewënnt um Enn mat enger Avance vun 32 Sekonnen op den Giulio Ciccone an de Felix Gall. De Jonas Vingegaard hat als 5. e Retard vu 34 Sekonnen an den Tadej Pogacar verléiert als 8. 1 Minutt an 38 Sekonnen.

De Bob Jungels gouf de 44. op 8 Minutten a 14 Sekonnen, de Kevin Geniets fiert als 47. op 11 Minutten an 8 Sekonnen duerch d'Zil. Den Alex Kirsch ass den 114. op 27 Minutten an 29 Sekonne ginn.

Am General huet den Jai Hindley och elo d'Féierung iwwerholl. Hei huet den Australier 47 Sekonnen Avance op de Jonas Vingegaard an 1 Minutt an 3 Sekonnen op den Giulio Ciccone.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Bob Jungels hei den 38. op 16 Minutten a 57 Sekonnen. Hei ass de Kevin Geniets den 58. op 30 Minutten a 16 Sekonnen an den Alex Kirsch den 116. op 53 Minutten.

Resumé vun der Etapp

Um Wee op d'Arrivée stounge mam Col de Soudet (HC) an dem Col de Marie Blanque (1. Kategorie) zwee ganz schwéier Bierger um Programm. Op der éischter Pyrenäen-Etapp wollten dann och ganz vill de Sprong an d'Echappée packen. Um Enn waren et och 36 Coureuren, déi de Spëtzegrupp forméiert hunn, dorënner och Leit wéi de Wout van Aert, de Julian Alaphilippe oder och den Jay Hindley.

Den Jai Hindley sengersäits huet e Mëttwoch dann och eng ganz gutt Affär gemaach. Am Col de Marie Blanque huet hien all seng Konkurrenten aus der Echappée stoegelooss an huet um Enn d'Etapp en solitaire gewonnen a sech am General un d'Spëtzt gesat.

Beim Rescht vun de Favoritten huet een och schonns am Col de Marie Blanque gesinn, wie wéi staark ass. An hei war et de Gewënner aus dem leschte Joer, de Jonas Vingegaard, dee jidderee konnt hannert sech loossen. Den Tadej Pogacar war wuel nach als leschten um Dän drun, ma beim Vingegaard senger Acceleratioun huet och hien den Dän missen zéie loossen. Am grousse Ganze gouf et deels scho grouss Ecarten. Pogacar a Co hu ronn eng Minutt op de Jona Vingegaard verluer. Aner Matfavoritten nach méi Zäit.

Op RTL Tëlee an op RTL.lu kënnt Dir all d'Etappe vum Tour de France live suivéieren.

D'Klassement vun der Etapp

1 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe
2 CICCONE Giulio Lidl - Trek 0:32
3 GALL Felix AG2R Citroën Team ,,
4 BUCHMANN Emanuel BORA - hansgrohe ,,
5 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:34
6 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 1:38
7 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers ,,
8 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates ,,
9 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
10 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
...
44 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 8:14
47 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 11:03
114 KIRSCH Alex Lidl - Trek 27:19

De General

1 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe
2 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:47
3 CICCONE Giulio Lidl - Trek 1:03
4 BUCHMANN Emanuel BORA - hansgrohe 1:11
5 YATES Adam UAE Team Emirates 1:34
6 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 1:40
7 YATES Simon Team Jayco AlUla ,,
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 1:56
9 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
10 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
...
38 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 16:57
58 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 30:16
116 KIRSCH Alex Lidl - Trek 53:00