Dem Bob Jungels säi Co-Equipier Jai Hindley huet e Mëttwoch déi éischt Pyrenäen-Etapp "en solitaire" gewonnen an ass elo och de Leader am General.

Wéi de Bob Jungels eis no der Etapp am Interview verroden huet, war et wuel geplangt, datt deen een oder aner Coureur vun der Ekipp BORA - hansgrohe géif an d'Echappée goen, datt dëst de Kapitän Hindley selwer wier, dat hat een ufanks net esou virgesinn. Nawell ass alles gutt gaangen a bei der Ekipp vum Lëtzebuerger ass een natierlech méi wéi zefridden.

Fir de Bob Jungels ass et näischt Neies, datt ee vu senge Co-Equipieren de Maillot Jaune op senge Schëlleren dréit. Senger Meenung no wäert et dëst Kéier awer aneschters sinn, well den Jai Hindley sécherlech Ambitiounen huet, deen Trikot ze verdeedegen an um Enn zu Paräis mat um Podium ze stoen. Deemno wäert op de Bob Jungels an de Rescht vun der Ekipp vill Aarbecht duerkommen, fir de Peloton an d'Konkurrenz esou gutt et geet ze geréieren.

Deemno wäert de Bob Jungels alles ginn, sengem Leader esou gutt et geet ze hëllefen iwwer déi nächst Etappen. Wéi hien eis am Interview verroden huet, kennt hien de Giro-Gewënner vun 2022 nach guer net esou gutt. Et ass beim Tour déi éischte Kéier zanter dem Stage am Oktober 2022, datt hien den Jay Hindley gesäit. Beim Tour deele béid Coureure sech awer een Zëmmer.

De Mëttwoch den Owend wäert een dann och sécherlech op dem Jai Hindley seng éischt Etappe-Victoire beim Tour de France ustoussen, esou de Bob Jungels. Et géif een awer net iwwerdreiwen, et wier nach laang an esou schéin dës Victoire och war, ass et de General deen zielt.

Tour de France : 5. Etapp (Resumé)
Jai Hindley wënnt "en solitaire" an iwwerhëlt Féierung am General.