D'Victoire an der Dammecourse bei engem Superprestige Ruddervoorde an der Belsch goung un d'Ceylin Alvarado. D'Marie Schreiber koum d'Plaz 11.

Beim Superprestige vun der Kategorie C1 an der Géigend vu Bruges hat d'Hollännerin Ceylin Alvarado déi séierst Been a gewënnt mat 17 Sekonnen Avance op hir Landsfra Annemarie Worst. De Podium gouf vun der Belsch Marion Norbert Riberolle komplettéiert.

No der 4. Plaz zu Woerden en Dënschdeg ass d'Marie Schreiber zu Ruddervoorde net ënner déi bescht 10 komm. Déi 20 Joer jonk Lëtzebuergerin klasséiert sech um Enn mat engem Retard vu 2'51'' hannert der Gewënnerin als 11. Mam Liv Wenzel war nach eng zweet Lëtzebuergerin um Start. Si koum op déi 23. Plaz.