Cyclocross-ChampionnatMarie Schreiber a Loïc Bettendorff sinn déi nei Lëtzebuerger Championen

RTL Lëtzebuerg
Um Hesper Holleschbierg sinn e Samschdeg déi nei Lëtzebuerger Championen am Cyclocross gesicht ginn.

Resumé Cyclocross-Championnat / Reportage Lynn Kayser

De Resumé vun de weidere Kategorien
Hei konnte sech ënnert anerem de Rick Meylender an d’Liv Wenzel den Titel sécheren.

Dammen

D’Marie Schreiber huet sech fir d’zweete Kéier den Titel bei der Elite am Cyclocross-Championnat geséchert. Vum Depart ewech huet déi 20 Joer al Lëtzebuergerin, déi international zur Weltspëtzt gehéiert, d’Course dominéiert an hat op der Arrivée ronn dräi Minutten Avance op d’Christine Majerus. Drëtt ass d’Isabelle Klein ginn.

No der Sëlwermedail op der EM bei den U23-Dammen an elo dem Championstitel bei der Elite steet fir d’Marie Schreiber Ufank Februar mat der WM awer nach den Héichpunkt vun der Saison um Programm. Hei huet si sech e kloert Zil gesat. Eng Medail wëllt si vun Tabor an Tschechien mat zeréck an de Grand-Duché bréngen.

D’Reaktioun vum Marie Schreiber um Mikro vum Lynn Kayser

D’Christine Majerus am RTL-Interview

Bei den Espoirinnen huet d’Liv Wenzel mat enger staarker Leeschtung hiren Titel verdeedegt. D’Anouk Schmitz an d’Layla Barthels sinn 2. an 3. ginn.

D’Reaktioun vum Liv Wenzel

Bei de Juniorinne war d’Gwen Nothum am stäerksten. Zweet ass d’Lisi Schmitz ginn.

Bei de Masters war mam Suzie Godart eng Damm um Depart an huet sech domadder och den Titel geséchert.

PDF: Resultater vum Cyclocross-Championnat

Back to Top
CIM LOGO