Grand Prix La Marseillaise
De Kevin Geniets séchert sech d'Victoire

© AFP
Um Sonndeg ass et bei der 45. Editioun vum Grand Prix La Marseillaise iwwer 167,5 Kilometer gaangen.
Um Enn konnt de lëtzebuergesche Coureur Kevin Geniets vu Groupama - FDJ sech am Sprint virum Fransous Alex Baudin duerchsetzen, mat deem hien an der Echappée war.
No 4 Stonnen, 7 Minutten an 52 Sekonnen huet de Geniets domat fir den Optakt vun der Saison déi éischt Manche vun der franséischer Coupe fir sech entscheet. Drëtten ass de Kévin Vauquelin ginn.
D'Resultat
Am meeschte gelies