Dëse Weekend ginn zu Tabor an Tschechien déi néi Weltmeeschteren am Cyclocross gesicht. Lëtzebuerg gëtt vu 5 Sportler vertrueden.

Ugefouert gëtt d'FSCL-Selektioun vum Marie Schreiber. D'Lëtzebuerger Championne  huet iwwer déi ganz Saison international ganz gutt Resultater realiséiert a fiert zu Tabor an der U23-Kategorie ëm den Titel. Hir gréisst Konkurrentin ass ouni Zweiwel d'Zoe Backstedt aus England. D'Europameeschterin vu Pontchâteau a Frankräich war leschte Sonndeg bei der Generalprouf zu Hoogerheide e puer Sekonne virum Schreiber iwwer d'Arrivée gefuer.

D'Liv Wenzel geet och bei den Espoirs-Dammen un den Depart. Si huet rezent op internationale Crosse gutt Resultater realiséiert. Bei de Juniore sinn et déi dräi Éischt vum Lëtzebuerger Championnat, déi zu Tabor dobäi sinn. Déi beschte Chancen op e gutt Klassement huet hei de Champion Rick Meylender. Hien huet de Yannis Lang an de Jonah Flammang u senger Säit.

Alleguer d'Coursse mat Lëtzebuerger Participatioun ginn e Sonndeg gefuer. D'Juniore fuere moies um 11.05 Auer. De Start vun der U23-Damme-Course ass um 12.35 Auer. Dir kënnt dës Course e Sonndeg vun 12.30 Auer u live bei eis um 1. RTL an op RTL.lu suivéieren.