Lëtzebuergerin fiert ëm Podium bei den U23-Dammen
Dëse Weekend sinn zu Tabor an Tschechien d'Weltmeeschterschaften am Cyclocross. D'Marie Schreiber fiert ëm eng Medail bei den U23-Fraen.
Et wier net all Dag wou eng Lëtzebuergerin ëm eng Medail bei Weltmeeschterschafte géif matfueren, esou de President vun der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun Camille Dahm am Interview. D'Marie Schreiber kann e Sonndeg op der Cyclocross-Weltmeeschterschaft zu Tabor Lëtzebuerger Sportgeschicht schreiwen.
Ma och an den anere Kategorië wou Lëtzebuerger un den Depart ginn, kéint ee mat gudde Resultater rechnen, esou d'Aschätzung vum President vun der FSCL.
Parcours, deen dem Marie Schreiber entgéint kënnt
Et wier en interessante Parcours, esou d'Marie Schreiber no der Reconnaissance. Et ass eng Streck, déi der Lëtzebuergerin duerchaus entgéint kënnt.
"Virun allem, wann et elo soll e bësse Bulli ginn, gëtt dat ganzt e bësse schmiereg, wat mir entgéint kënnt, wat ech u sech gären hunn."
Den Nationaltrainer Jempy Drucker ass och selwer de Parcours ofgefuer an als fréiere Spezialist am Cyclocross kënnt hien zu dëser Aschätzung: "Et ass iwwerraschend vill Bulli. Ech mengen eppes wat mer villäicht net esou erwaart hunn. Kee Mënsch. Mee jo, de Buedem ass nach ëmmer gefruer."
Et wier e ganz physesche Parcours op deem ee misst oppasse keng Feeler ze maachen, esou de fréiere Profi.
D'Course vun den U23-Damme gëtt e Sonndeg um 12.30 Auer op RTL live iwwerdroen, mat Commentaire vum Claire Faber an dem Tim Hensgen.