De Weekend ginn déi nei Weltmeeschteren am Cyclocross zu Tabor an Tschechien gesicht.

Et ass déi 4. Kéier, datt zanter 2001 eng Cyclocross-Weltmeeschterschaft zu Tabor an Tschechien organiséiert gëtt. An de leschte Jore gouf och zwee Mol d'Europameeschterschaft op der Plaz organiséiert an Tabor ass och reegelméisseg am Weltcup present.

De Circuit mat enger Längt vun 3.000 Meter, Trapen, Hürden an enger Bréck ass deemno fir vill Coureuren net onbekannt. Ongewëss ass awer ëmmer wéi den Ënnergrond op Grond vun de Wiederkonditioun ass.

D'Lëtzebuerger Selektioun ronderëm d'Marie Schreiber huet sech de Circuit, dee gréisstendeels aus Wissepassage besteet, e Freideg méi genee ugekuckt an huet misse feststellen, datt dëse sech anescht presentéiert huet, wéi een dat am Virfeld geduecht hat.

Et war een dovunner ausgaangen, datt de Circuit relativ dréchen a roulant wier, ma dat ass no Reeschaueren awer net méi de Fall. Et ass Bulli an domadder och rutscheg.

D'Marie Schreiber ass e Freideg bei der Reconnaissance nëmmen zwee Tier gefuer an ass duerno op den Hometrainer ëmgeklommen.

"Ech wollt elo do kee Risiko agoen, dowéinst sinn ech just zwee Tier gefuer. Well et kann ee mol keng Ideallinn an de Kéiere fueren, dat heescht, et gesäit een elo net esou vill. Et gesäit ee grob de Parcours, dat geet mir am Fong duer, an dann de Recon e Sonndeg virun der Course, dat ass dee wichtegen."

Och d'Liv Wenzel an déi 3 Junioren hu sech de Circuit ugekuckt. Si kënnen do vum Know How an der Erfarung vum Jempy Drucker an dem Christian Helmig profitéieren. Well, "de Wee, dee gezeechent ass soen ech emol, oder dee vill gefuer gëtt, ass net ëmmer dee séiersten", sou de Lëtzebuerger Nationaltrainer.

E Sonndeg sinn dann d'Lëtzebuerger zu Tabor am Asaz. D'Course vun den U23-Damme mam Marie Schreiber aLiv Wenzel gëtt e Sonndeg um 12.30 Auer op RTL live iwwerdroen, mat Commentaire vum Claire Faber an dem Tim Hensgen.