Den Dän konnt sech no enger laanger Echappée am Sprint géint de Mathieu van der Poel behaapten. Den Alex Kirsch ass gefall a konnt net méi weiderfueren.

Um Sonndeg ass déi 86. Editioun vum Klassiker Gent-Wevelgem iwwer 253,1 Kilometer gefuer ginn. Um Enn gouf et bei den Hären eng Victoire fir de Mads Pedersen (Lidl-Trek). Hien huet sech am Sprint virum grousse Favorit Mathieu van der Poel (Alpecin - Deceuninck) duerchgesat. Op déi 3. Plaz koum de Jordi Meeus (BORA - hansgrohe) mat engem Réckstand vu 16 Sekonnen.

Den Alex Kirsch war gutt placéiert, ass no enger Chute awer zréckgefall an huet mussen opginn. Hie war op de Kapp gefall. No éischten Tester konnt awer keng gréisser Blessur beim Lëtzebuerger festgestallt ginn.

D'Course ass ronn 71 Kilometer virum Enn richteg lassgaangen, wéi de Mathieu van der Poel eng sec Attack gestart huet a mam Mads Pedersen dem Jonathan Milan an dem Laurence Pithie just 3 Coureure konnte matfueren. Am éischte gréissere Grupp hannendrun war och den Alex Kirsch mat dran a konnt ofwaarden, well zwee Coequipieren an der Echappée dobäi waren. De Lëtzebuerger hat awer och Pech. Hien ass ronn 51 Kilometer virun der Arrivée gefall a konnt mat deem Grupp net méi matfueren. Un der Spëtzt ass de Milan zréckgefall, fir de Rescht sinn déi aner dräi bis 34 Kilometer virum Zil zesummebliwwen. No enger Tempoverschäerfung vum Pedersen um Kemmelberg konnt de Pithie och net méi mathalen. De Pedersen an de van der Poel sinn eleng un der Spëtzt bliwwen. Hannendrun huet sech e Peloton forméiert, deen um Enn awer just nach ëm déi 3. Plaz sollt fueren. Gewonnen huet schlussendlech de Mads Pedersen, deen am laange Sprint d'Nues virum van der Poel hat.

D'Dammecourse war méi spéit ugesat an d'Streck war 171,2 Kilometer laang. D'Victoire goung no engem Fotofinish am Sprint un d'Lorena Wiebes (Team SD Worx-Protime). D'Hollännerin huet sech ganz knapp virum Elisa Balsamo (Lidl-Trek) duerchgesat. Op déi 3. Plaz koum déi zweet Italieenerin Chiara Consonni (UAE Team ADQ). D'Nina Berton koum op déi gutt 15. Plaz an d'Christine Majerus huet sech op der 25. Plaz klasséiert. Béid Lëtzebuergerinne koumen zäitgläich mat der Gewënnerin un.

Um RTL Play fannt Dir d'Course am Replay.

D'Klassement vun den Hären

1 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 5:36:00
2 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck ,,
3 MEEUS Jordi BORA - hansgrohe +0:16
4 PHILIPSEN Jasper Alpecin - Deceuninck ,,
5 MILAN Jonathan Lidl - Trek ,,
6 KOOIJ Olav Team Visma | Lease a Bike ,,
7 GIRMAY Biniam Intermarché - Wanty ,,
8 MERLIER Tim Soudal Quick-Step ,,
9 GROENEWEGEN Dylan Team Jayco AlUla ,,
10 TRENTIN Matteo Tudor Pro Cycling Team ,,

D'Klassement vun den Dammen

1 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 4:16:18
2 BALSAMO Elisa Lidl - Trek ,,
3 CONSONNI Chiara UAE Team ADQ ,,
4 KOOL Charlotte Team dsm-firmenich PostNL ,,
5 CONFALONIERI Maria Giulia Uno-X Mobility ,,
6 SIERRA Arlenis Movistar Team ,,
7 PIETERSE Puck Fenix-Deceuninck ,,
8 DE JONG Thalita Lotto Dstny Ladies ,,
9 SCHWEINBERGER Christina Fenix-Deceuninck ,,
10 COLES-LYSTER Maggie Roland ,,
...
15 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
25 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,