Bei der 108. Editioun vum Tour des Flandres feele mam Wout van Aert a Jasper Stuyven zwee grouss Konkurrenten vum Hollänner.

Och de Lëtzebuerger Champion muss no senger Chute oppassen an ass e Sonndeg eisen Invité fir d'Course mat z'iwwerdroen.

Leschte Freideg bei der E3 Saxo Classic hat de Mathieu van der Poel bei der Generalprouf vum Tour des Flandres dominéiert an d'Konkurrenz degradéiert. Iwwer déi vill Koppen ewech, déi och e Sonndeg am Tour des Flandres ze fuere sinn, huet de Weltmeeschter ouni Zweiwel gewisen, datt seng Form excellent ass. Op der Ligne d'arrivée zu Harelbeke hat den Hollänner iwwer annerhallef Minutt Avance op de Jaysper Stuyven an de Wout van Aert.

Souwuel van Aert wéi och Stuyven sinn de Mëttwoch gefall an hu sech an der Chute bei a Travers la Flandre esou schwéier blesséiert, datt si eng Zäit wäerte brauchen, fir nees a Form ze kommen. Och fir den Alex Kirsch ass net un en Depart ze denken. Hie gouf en Donneschdeg zu Herentals an der Belsch un der Hand operéiert a fält aus. Schued, wann ee bedenkt, datt de Lëtzebuerger iwwer déi lescht Wochen z'iwwerzeege wousst a sech vu Joer zu Joer nach ëmmer ka verbesseren.

Ee vun de Coureuren, dee wuel mat gefall war, awer sech am mannste blesséiert hat, ass de Mads Pedersen. De Vainqueur vu Gent-Wevelgem war dem Van der Poel leschte Sonndeg souguer iwwerleeën an hat de Weltmeeschter an enger Mann géint Mann Course geklappt.

Bei Lidl - Trek setzt een alles drun, fir hien nach an de beschtméigleche Konditiounen un den Depart ze kréien. Ouni hire grousse Leader Van Aert muss ee sech bei Visma Lease a Bike eppes afale loossen. De Matteo Jorgenson ass warscheinlech, dee Coureur deen d'Käschte aus dem Feier kéint huelen. Den Amerikaner hat Paris-Nice a virun 2 Deeg zu Waregem gewonnen an dierft déi néideg Confiance matbréngen.

Am Ganze sti bei der Course vun de Männer e Sonndeg 175 Coureuren um Depart. An der Dammecourse sti mam Christine Majerus an Nina Berton zwou Lëtzebuergerinnen an der Startlëscht.

E Sonndeg kënnt Dir d'Course bei eis vu 14 Auer un am Livestream kucken.