Vingegaard, Roglic an Evenepoel uerg gefall

Op der 4. Etapp vum Tour duerch d'Baskeland gouf et eng schwéier Chute. D'Etapp gouf dowéinst neutraliséiert.
En Donneschdeg waren op der 4. Etapp vum Tour duerch d'Baskeland d'Spëtzefuerer Primoz Roglic, Jonas Vingegaard an de Remco Evenepoel an eng uerg Chute verwéckelt. Ronn 36 Kilometer virun der Arrivée war den Trio zesumme mat fënnef anere Coureuren an enger Descente vun der Streck ofkomm a schwéier gefall.
D'Ekipp Soudal-Quick-Step huet matgedeelt, datt den Evenepoel fir eng Kontroll an d'Spidol ageliwwert gouf. Méi spéit huet ee matgedeelt, datt sech hire Coureur d'Schlësselbeen an d'Schëllerblat gebarach huet.
Dem Organisateur no hu sech de Roglic d'Schlësselbeen gebrach. De Roglic, deen de Leader-Trikot op senge Schëlleren hat, hat no der Chute d'Course am Auto vu senger Ekipp verlooss.
De Jonas Vingegaard ass och an d'Klinick transportéiert ginn. Op den Tëleesbiller war hie mat enger Halskraus an engem Beootmungsapparat ze gesinn. Iwwer eng Stonn no der Chute koum vu senger Ekipp Visma liicht Entwarnung. Den zweefachen Tour-de-France-Gewënner wier "bei Bewosstsinn" an hätt d'Schlësselbeen, wéi och e puer Rëpper gebrach.
De Lëtzebuerger Bob Jungels war net an d'Chute verwéckelt.
D'Course gouf no der Chute neutraliséiert an d'Etapp net an d'Wäertung opgeholl. D'Echappée vum Dag ass awer ëm d'Etappevictoire gefuer. D'Victoire war um Enn fir de Louis Meintjes.
An de leschte Woche gouf et eng ganz Rei uerg Chutten am Cyclissem. Eréischt e Mëttwoch war den Däitsche Lennard Kämna wärend dem Training an ee Verkéiersaccident verwéckelt. Hie läit op der Intensivstatioun.
De Wout van Aert war bei A travers la Flandre uerg gefall an hat sech ënnert anerem d'Schlësselbeen an e puer Rëpper gebrach. Och den Alex Kirsch war an déi Chute verwéckelt an hat sech eng Schank an der Hand gebrach.
D'lescht Joer war de Schwäizer Gino Mäder no enger Chute gestuerwen.