Frakture bei Alex Kirsch a Wout van Aert

© AFP
Den Alex Kirsch huet sech d'Hand gebrach. Beim Wout van Aert sinn et d'Schlësselbeen an e puer Rëpper.
Beim Klassiker "A travers la Flandre" koum et e Mëttwoch zu enger schwéierer Chute. 67 Kilometer virun der Arrivée ware knapp eng Dose Coureuren an enger Descente mat héijer Vitess gefall. Ënnert anerem de Lëtzebuerger Alex Kirsch an de Belsch Wout van Aert waren an d'Chute verwéckelt.
Bei enger Kontroll am Spidol koum eraus, datt sech den Alex Kirsch eng Schank an der Hand gebrach huet. Hie gëtt en Donneschdeg zu Herentals an der Belsch operéiert. Wéi laang hie wäert ausfalen, ass den Ament nach net gewosst. De Lëtzebuerger Champion war eréischt de leschte Sonndeg beim Klassiker Gent-Wevelgem gefall an hat missen opginn.
Nach méi schlëmm wéi de Lëtzebuerger huet et de Wout van Aert erwëscht. Seng Ekipp Visma-Lease Bike huet e Mëttwoch den Owend matgedeelt, datt sech den 29 Joer ale Vëlosproffi bei senger Chute d'Schlësselbeen an e puer Rëpper gebrach huet. Donieft huet hien och eng grouss Wonn um Réck, wou hien op d'Strooss opgeschloen ass.
D'Klassikersaison ass domadder fir de Wout van Aert eriwwer. Wéi laang hie wäert ausfalen, ass bis ewell nach net gewosst. Sécher ass awer, datt hien e Sonndeg den Tour des Flandres, Paris-Roubaix (7. Abrëll) an d'Amstel Gold Race (14. Abrëll) verpasse wäert. Ob hie wéi geplangt de 14. Mee un den Depart vum Giro d'Italia ka goen, datt muss sech weisen. Hie sollt do fir déi éischte Kéier als Kapitän bei engem groussen Tour untrieden.
De Jasper Stuyven war och an d'Chute verwéckelt an huet sech d'Schlësselbeen gebrach.
D'Chute e Mëttwoch ass op der nämmlechter Plaz geschitt wéi eng Chute d'lescht Joer am Tour des Flandres. Hei war och ënnert anerem den Alex Kirsch mat dra verwéckelt. Doropshi war d'Decisioun geholl ginn, dësen Deel vum Parcours aus där Course ze sträichen. E Mëttwoch war d'Descente awer Deel vun A travers la Flandre.