Op de Podium sinn nach d'Elisa Balsamo an d'Pfeiffer Georgi gefuer. DNina Berton ass eng gutt Course gefuer, gouf awer 50 Kilometer virum Zil ofgehaangen.

Déi 4. Editioun vu Paris-Roubaix bei den Damme gouf no 148,5 schwéiere Kilometer vun der Weltmeeschterin Lotte Kopecky (Team SD Worx - Protime) gewonnen. An engem Sprint vu 5 Leit konnt sech d'Kopecky virum Elisa Balsamo (Lidl-Trek) an dem Pfeiffer Georgi (Team dsm-firmenich PostNL) duerchsetzen. D'Nina Berton ass eng ganz gutt Course gefuer a gouf um Enn dat 40. mat engem Retard vun 3 Minutten a 15 Sekonnen. D'Christine Majerus ass méi fréi ofgehaange ginn an huet sech op der 85. Plaz klasséiert.

Reaktioun vum Christine Majerus no hirer leschter Paris-Roubaix-Participatioun
D'Lëtzebuergerin e schlechten Dag erwëscht, ma konnt sech um Enn awer iwwert d'Victoire vun hirer Coequipière Lotte Kopecky freeën.

Et war eng nervös Course an där et ronn 70 Kilometer virun der Arrivée richteg lass goung. Aus Lëtzebuerger Siicht waren d'Christine Majerus an d'Nina Berton bis dohin am éischte Grupp mat dobäi. Kuerz drop gouf et eng Tempoverschäerfung an d'Majerus war um Wupp vun engem zweete Grupp ze gesinn, éier et de Kontakt un deen och verluer huet. D'Nina Berton konnt awer vir drubleiwen an och nach ronn 20 Kilometer méi laang un der Spëtzt matfueren. Eng méi grouss Selektioun gouf et am Pavé-Ofschnëtt Auchy-lez-Orchies ronn 50 Kilometer viru Schluss an am 1. Peloton ware just nach ronn 30 Cyclistinnen ze fannen. Bis op d'Arrivée gouf et ëmmer nees kleng Attacken. Déi entscheedend Attack gouf et 20 Kilometer viru Schluss, wou sech 5 Cyclisten ofgesat hunn. Mat dobäi waren d'Elisa Balsamo, d'Lotte Kopecky, d'Amber Kraak an d'Marianne Vos. D'Pfeiffer Georgi ass och nach erukomm. Um Enn sinn déi 5 Cyclistinne bis an de Vëlodrome gefuer, wou d'Lotte Kopecky um Enn d'Nues am Sprint vir hat.

D'Klassement vun der Course

1 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 3:47:13
2 BALSAMO Elisa Lidl - Trek ,,
3 GEORGI Pfeiffer Team dsm-firmenich PostNL ,,
4 VOS Marianne Team Visma | Lease a Bike ,,
5 KRAAK Amber FDJ - SUEZ ,,
6 VAN DIJK Ellen Lidl - Trek +0:06
7 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime +0:28
8 BERTEAU Victoire Cofidis Women Team ,,
9 LE NET Marie FDJ - SUEZ ,,
10 (LE COURT) PIENAAR Kimberley AG Insurance - Soudal Team ,,
...
40 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team +3:15
85 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime +12:43