Dëst Joer zwou eenzel Courssen am Plaz vun enger Etappecourse
Nächste Weekend gëtt am Damme-Vëlosport de Festival Elsy Jacobs gefuer, dëst allerdéngs ënnert enger anerer Formule.
Dës Course zu Éiere vun der éischter Weltmeeschterin bei den Damme lackelt Joer fir Joer e staarke Peloton an eist Land. An an deem dierfen och déi bescht Lëtzebuergerinnen net feelen.
D'Lëtzebuerger Championne Christine Majerus ass bei allen Editioune vum Festival Elsy Jacobs dobäi gewiescht. Dëst Joer gëtt déi 16ten hir Lescht. Mat 37 Joer huet d'Sportlerinn aus dem Organisatiounsveräin vun Zéisseng decidéiert, fir Enn der Saison opzehalen.
Fir d'Marie Schreiber ass et déi éischte Kéier, datt si beim Festival dobäi ass. D'Ekipp SD Worx - Protime dierf mat deenen zwou Lëtzebuergerinnen Majerus a Schreiber als Favoritte gesi ginn. Dat selwecht zielt och fir d'Nina Berton. Si ass bis elo eng ganz staark Saison gefuer an hat sech dat lescht Joer de Biergpräis geséchert.
Néi ass, datt d'Course dëst Joer net als Etappecourse, mee als zwou eenzel Coursee gefuer gëtt. Nächste Samschdeg ass et déi traditionell Arrivée zu Garnech, iwwerdeems den Dag drop en neie Parcours ronderëm Leideleng an Zéisseng op d'Damme waart. Béid Coursse wäert een och bei eis am Stream kënne kucken.