E Sprangbriet fir jonk Talenter
Grouss Nimm wéi Tadej Pogacar, Bradley Wigins, Geraint Thomas oder Bob Jungels waren an hire jonke Jore mat um Depart vun der Flèche du Sud.
An et ass schonns ganzer 12 Joer hier, dass de Bob Jungels als leschte Lëtzebuerger d’Traditiouns-Course fir sech entscheede konnte.
Wann een op d’Gewënner vun deene leschte Joren zeréckkuckt, mierkt een awer och, dass ëmmer méi Weltklass-Cyclocross-Spezialiste Gefalen un der Flèche du Sud fannen an dës als Preparatioun fir déi kommend Wantersaison notzen. Och dëst Joer op en Neits mat um Depart de Gewënner vun der leschter Editioun Pim Ronhaar, deen am Februar just knapps de Podium zu Tabor bei de Cyclocross-Weltmeeschterschaft verpasst hat, hannert engem Joris Nieuwenhuis a Micheal Vantourenhaut, déi och mat um Depart wäerte sinn.
Wat de Parcours ugeet, gouf et dëst Joer e puer Ännerungen, deemno gëtt den Optakt-Prolog duerch eng kuerz 84 km laang Etapp ersat an d'Zäitfueren op de virleschten Dag geréckelt, fir nach eng Kéier méi Spannung an d'Generalklassement ze bréngen.
Lass geet et dann e Mëttwochowend an de Stroossen zu Kanech. D'Kinneksetapp waart dann e Freideg zu Buerschent op d'Coureuren. E Sonndeg zu Esch ass da gewosst, ob de Pim Ronhaar säin Titel verdeedege kann a wéi sech déi knapp 20 Lëtzebuerger an deem internationale Peloton geschloen hunn.