Tadej Pogacar grousse Favorit, Michel Ries als eenzege Lëtzebuerger um Depart

De Michel Ries / © AFP (Archiv)
Vun e Samschdeg u gëtt déi 107. Editioun vum Giro d'Italia gefuer.
Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Michel Ries vu senger Ekipp Arkea - B&B Hotels fir de Giro d'Italia selektionéiert ginn. Fir de 26 Joer ale Coureur ass et déi 2. Kéier, datt hie bei dëser Course um Depart ass.
Tadej Pogacar start als grousse Favorit
Fir d'Generalklassement gëtt et ee grousse Favorit. De Sloween Tadej Pogacar war am Fréijoer dominant a probéiert, dëst Joer den Doublé Giro d'Italia/Tour de France ze realiséieren. Seng gréisste Konkurrenten heesche Ben O'Connor, Geraint Thomas an Daniel Felipe Martinez. Och de Romain Bardet kéint e Wuert ëm d'Podiumsplaze mat schwätzen.
De Parcours
D'Course fänkt spektakulär un. Fir den Optakt waart zu Turin eng Etapp fir d'Klassikerspezialisten. E Sonndeg sinn dann d'Klassementsfuerer scho gefuerdert. Do gëtt et déi éischt Arrivée am biergop. Den Giro 2024 gëtt allgemeng als manner schwéier wéi déi lescht Joren ageschat. Déi zweet Woch ass déi wichtegst fir d'Favoritten, hei steet och eng Etapp vun 222 Kilometer mam Mortirolo um Programm. Déi lescht Woch geet mam Stelvio lass, éier de 25. Mee de Vainqueur zu Roum feststeet.
Réckbléck op 2023
D'lescht Joer hat de Primoz Roglic den Giro virum Geraint Thomas an dem João Almeida gewonnen. Den Alex Kirsch war op der leschter Etapp hannert dem Mark Cavendish op déi excellent 2. Plaz gefuer. Am Generalklassement war de Bob Jungels den 39. De Michel Ries hat sech als 85. klasséiert an den Alex Kirsch war de 95.