De Ralph Diseviscourt zielt zu de Favoritte bei der Race Across Italy
Mam Romain Possing geet dëst Joer nach een zweete Lëtzebuerger bei der Course duerch Italien un den Depart.
D'Race Across Italy ass déi éischt Course fir de Ralph Diseviscourt fir dës Saison. D'Course geet iwwer 772 Kilometer, mat am Ganzen 10.500 Héichtemeter. Den Depart an d'Arrivée sinn zu Silvi an den Abruzzen.
Den "Dizzy" huet dës Course bis elo schonn 3 Mol gewonnen. Dat lescht Joer gouf hien den 3. Och dëst Joer zielt hien nees zu de Favoritten. Och säin "Dauerrival" Christoph Strasser ass mat um Depart. Allerdéngs geet den Éisträicher an enger anerer Klass un den Depart. Hie fiert déi knapp 800 Kilometer ouni Assistance. De Ralph Diseviscourt ass awer nees mat Assistance ënnerwee. Dat heescht hie kann op de Support vu senger Crew zeréckgräifen, wann hien eng Pann huet, eppes ze iesse wëll oder ganz einfach d'Kleedung wiessele wëll.
Nieft dem "Dizzy", ass mam Romain Possing ee weidere Lëtzebuerger um Depart. Fir de fréiere Leefer ass et déi éischt Course iwwerhaapt iwwer esou eng laang Distanz. Wat den Training ugeet, hu béid Coureuren änlech vill trainéiert. Dëst Joer eng 13.500 Kilometer.
An Italien geet et iwwregens och ëm den Europameeschtertitel vun der WUCA, der World Ultra Cycling Association.
D'Race Across Italy zielt awer och als Qualifikatioun fir d'Race Across America. Déi legendär Course vun der West- op d'Ostküst vun den USA iwwer 4.800 Kilometer ass dann och d'Zil fir de Romain Possing dat nächst Joer.
Dem Ralph Diseviscourt säi grousst Zil fir dëst Joer ass d'Race Across Poland am Juli. Do geet et iwwer 3.600 Kilometer ronderëm Polen.
De Romain Possing start um Freideg Owend um 21.12 Auer.
De Ralph Diseviscourt geet um 21.54 Auer un den Depart.
Déi éischt Coureuren dierften no ronn 28 Stonnen d'Arrivée gesinn. Maximal däerf een 42 Stonnen ënnerwee sinn.