Op der leschter Etapp iwwer 125 Kilometer ronderëm Roum huet sech den Tim Merlier am Sprint duerchgesat. De Michel Ries koum am General op déi 25. Plaz.

Den Tim Merlier (Soudal Quick-Step) huet um Enn virum Jonathan Milan (Lidl - Trek) an dem Kaden Groves (Alpecin - Deceuninck) gewonnen. De Michel Ries ass als 77. mam Peloton iwwer d'Arrivée gefuer.

D'Schlussvictoire vun der 107. Editioun vum Giro d'Italia goung souverän un den Tadej Pogacar (UAE Team Emirates). Hien hat um Enn knapp 10 Minutten Avance op den Daniel Martinez (BORA - hansgrohe). De Podium gouf vum Geraint Thomas (INEOS Grenadiers) komplettéiert. De Michel Ries (Arkéa - B&B Hotels) ass den Giro op der gudder 25. Plaz op en Enn gefuer.

De Maillot fir déi meescht Punkte goung un de Jonathan Milan (Lidl-Trek). Beschte Grimpeur war no senge 6 Etappevictoiren och de Pogacar. Den Antonio Tiberi (Bahrain - Victorious) war de beschte jonke Fuerer.

D'Klassement vun der Etapp

1 MERLIER Tim Soudal Quick-Step 2:51:50
2 MILAN Jonathan Lidl - Trek ,,
3 GROVES Kaden Alpecin - Deceuninck ,,
4 GAVIRIA Fernando Movistar Team ,,
5 VAN DIJKE Tim Team Visma | Lease a Bike ,,
6 ANIOŁKOWSKI Stanisław Cofidis ,,
7 DAINESE Alberto Tudor Pro Cycling Team ,,
8 LONARDI Giovanni Team Polti Kometa ,,
9 EWAN Caleb Team Jayco AlUla ,,
10 GRONDIN Donavan Arkéa - B&B Hotels ,,
...
77 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels ,,

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 79:14:03
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe +9:56
3 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers +10:24
4 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team +12:07
5 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious +12:49
6 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers +14:31
7 RUBIO Einer Movistar Team +15:52
8 HIRT Jan Soudal Quick-Step +18:05
9 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL +20:32
10 STORER Michael Tudor Pro Cycling Team +21:11
...
25 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels +1:20:06