Bei der 76. Editioun sinn 3 Lëtzebuerger um Depart
Vun e Sonndeg u gëtt déi 76. Editioun vum Critérium du Dauphiné gefuer.
Déi lescht Joren huet des Course ëmmer als Generalprouf fir den Tour de France gezielt. Och dëst Joer ass et interessant, an d'Rentrée vun e puer Lëtzebuerger Coureuren. D'lescht Joer hat de Jonas Vingegaard d'Course dominéiert an nieft 2 Etappen och d'Generalklassement souverän gewonnen. Um Enn hat hien iwwer 2 Minutten Avance op den Adam Yates, de Ben O'Connor hat als 3. scho bal 3 Minutte Retard. De Parcours dëst Joer ass richteg schwéier. Nëmmen déi 1. an déi 5. Etapp hunn eng méi oder manner flaach Finall. De Freideg, Samschdeg a Sonndeg Enn nächster Woch ass d'Arrivée ëmmer uewenaus op engem Col. E Mëttwoch steet iwwerdeems en Zäitfuere vu 34,4 Kilometer um Programm. Ouni deen nach ëmmer blesséierte Jonas Vingegaard kommen direkt e puer Favoritten aus der Ekipp Bora - hansgrohe. Mat Roglic, Hindley a Vlasov huet déi däitsch Ekipp gutt Chancen op d'Victoire. Och Coureure wéi Carlos Rodriuez, Juan Ayuso, Sepp Kuss, Matteo Jorgenson oder Santiago Buitrago wëllen e Wuert matschwätzen. Fir d'Lëtzebuerger Profie geet et drëms, no laange Pausen, zum Deel duerch Blessuren, nees an der richtege Rhythmus ze kommen a sech mat enger gudder Leeschtung an d'Ekipp fir den Tour de France ze fueren.
De 27. Mäerz war den Alex Kirsch bei A Travers la Flandres gefall an hat duerch eng Blessur un der Hand de Rescht vum Klassiker verpasst. No engem laangen Trainingslager an der spuenescher Sierra Nevada, wou iwwregens ganz vill Ekippen an de leschte Woche waren, ass de Lëtzebuerger Champion elo nees prett, fir mat de Coursen unzefänken. D'Zil ass kloer: Den Dauphiné an dono wa méiglech den Tour de France ze fueren.
Och fir de Bob Jungels hat de Wee déi lescht 3 Wochen an d'Sierra Nevada gefouert. Elo steet am Dauphiné fir Bora - hansgrohe scho quasi d'Tour-Ekipp um Depart.
Den 3. Lëtzebuerger Coureur ass de Kevin Geniets. De Coureur vu Groupama - FDJ war scho bei Paris - Nice gefall. Hie war déi lescht Wochen zu Teneriffa am Stage an huet e Mëttwoch seng Rentrée geféiert.
Den Dauphiné weise mir Iech vun e Sonndeg un all Dag Live.
