No 172 Kilometer ronderëm Saint-Pourçain-sur-Sioule gewënnt den Dän virum Bennet. Den Alex Kirsch hat groussen Undeel un der Victoire vu sengem Coequipier.

Op der éischter Etapp vun der 76. Editioun vum Critérium du Dauphiné gouf et eng Victoire vum Mads Pedersen vun der Ekipp Lidl-Trek, wou och de Lëtzebuerger Alex Kirsch matfiert. Den Dän konnt sech am Sprint knapp virum Sam Bennett an dem Hugo Page duerchsetzen.

Op enger relativ flaacher Etapp hat sech eng kleng Ausräissergrupp fréi duerch d'Bascht gemaach, gouf awer 16 Kilometer virun der Arrivée nees agefaangen. Den Tempo am Peloton war op de leschte Kilometer immens héich, soudass et keng weider Echappée gepackt huet, sech e Virsprong erauszefueren.

Op de leschte Kilometer huet d'Ekipp vu Lidl-Trek den Tempo virginn, ënner anerem mam Lëtzebuerger Alex Kirsch. Doduerch war de Sprint lancéiert an de Pedersen hat déi séierst Been.

Nieft dem Alex Kirsch, dee sech als 90. klasséiert huet, sinn nach de Kevin Geniets an de Bob Jungels matgefuer. De Jungels gouf 55. an de Geniets ass als 119. iwwer de wäisse Stréch gefuer.

Klassement vun der Etapp

1 PEDERSEN Mads 4:01:30
2 BENNETT Sam 0:00
3 PAGE Hugo 0:00
4 VENTURINI Clément 0:00
5 DOULL Owain 0:00
6 GAZZOLI Michele 0:00
7 GARCÍA CORTINA Iván  0:00
8 WRIGHT Fred  0:00
9 RUSSO Clément 0:00
10 CORT Magnus 0:00
...
55 JUNGELS Bob 0:00
90 KIRSCH Alex 0:00
119 GENIETS Kevin 0:00

D'Generalklassement

1 PEDERSEN Mads 4:01:20
2 BENNETT Sam 0:04
3 PAGE Hugo 0:06
4 LE BERRE Mathis 0:07
5 DONOVAN Mark 0:08
6 PEDERSEN Casper 0:09
7 VENTURINI Clément 0:10
8 DOULL Owain ,,
9 GAZZOLI Michele ,,
10 GARCÍA CORTINA Iván ,,
...
57 JUNGELS Bob 0:10
91 KIRSCH Alex ''
119 GENIETS Kevin ''