Um Mëttwoch gouf beim Tour de France Geschicht geschriwwen.

Op der 5. Etapp vum Tour de France gouf et eng Victoire vum Mark Cavendish. An dee Succès ass historesch, et ass seng 35. Victoire an der Grande Boucle an hien huet domat de Rekord vum Eddy Merckx gebrach, dee 34 Etappevictoiren huet.

De Cavendish konnt sech am Sprint virum Jasper Philipsen duerchsetzen.

35. Etappevictoire am Tour de France vum Mark Cavendish
Kuckt de leschte Kilometer am Replay.

Am General bleift alles beim alen, den Tadej Pogacar huet als Leader eng Avance vu 45 Sekonnen op de Remco Evenepoel.

De Bob Jungels an de Kevin Geniets koumen um Mëttwoch an der selwechter Zäit wéi de Vainqueur op de Plazen 106 an 107 iwwer d'Arrivée. Am General leien déi zwee Lëtzebuerger elo op de Plaze 54 an 73.

De Resumé vun der Etapp

Déi 5. Etapp war déi éischt vun dëser 111. Editioun, déi ganz op franséischem Terrain gefuer gouf. 177,4 Kilometer vu Saint-Jean-de-Maurienne op Saint-Vulbas. Zwou kleng Montéeë vun der 4. Kategorie sollte kee Problem fir d'Sprinter duerstellen. Nieft der Victoire war e Mëttwoch och de Kampf ëm de grénge Maillot ganz interessant. E Méindeg zu Turin, op der éischter Etapp fir d'Sprinter, haten eng Chute an den Iwwerraschungsgewënner Biniam Girmay villen Toppfavoritten e Stréch duerch d'Rechnung gemaach an déi wollten e Mëttwoch Revanche. Dofir gouf de Grupp, dee sech no Kilometer 31 ofgesat hat, vum Peloton kontrolléiert. De Clement Russo vu Groupama-FDJ an de Matteo Vercher vun Total Energies ware keng Gefor am General fir de Leader Tadej Pogacar. Knapp 100 Kilometer huet hir Echappée gedauert, mee déi zwee haten ni eng real Chance op eng Victoire.

Leider goufen et op der 5. Etapp och Chutten, dorënner den Alexander Kristoff an de Christophe Laporte. Och den Tadej Pogacar konnt en Accident nëmme ganz knapp evitéieren.

Beim Tëschesprint bei KM 123 koum de Mads Pedersen am Kampf ëm de grénge Maillot hannert der Echappée op déi 3. Plaz viru Sam Bennett a Biniam Girmay. De ganze Peloton huet sech dono nëmmen nach op e Schlusssprint konzentréiert. An deen ass historesch ginn. Virun engem Joer ass de Mark Cavendish mat engem Broch vum Schëllerblat am Tour eliminéiert ginn. Mam Eddy Merckx huet hie sech de Rekord fir déi meeschten Etappevictoiren am Tour de France gedeelt. Mee mat 39 Joer huet de Manxman et der Vëloswelt nach eng Kéier gewisen. De Profi vun der Isle of Man gewënnt de Sprint an ass zanter e Mëttwoch eleng un der Spëtz vun de Victoiren an der Grand Boucle. Bei senger 165. Profivictoire war de Mark Cavendish méi séier ewéi de Jasper Philipsen an den Alexander Kristoff.

De Binam Girmay huet elo de grénge Maillot op senge Schëlleren.

Am General huet sech näischt geännert. De Bob Jungels als 106. an de Kevin Geniets als 107. op der Etapp bleiwen am General op de Positioune 54. an 73.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Resultat

1 CAVENDISH Mark Astana Qazaqstan Team 4:08:46
2 PHILIPSEN Jasper Alpecin - Deceuninck ,,
3 KRISTOFF Alexander Uno-X Mobility ,,
4 DE LIE Arnaud Lotto Dstny ,,
5 JAKOBSEN Fabio Team dsm-firmenich PostNL ,,
6 ACKERMANN Pascal Israel - Premier Tech ,,
7 DÉMARE Arnaud Arkéa - B&B Hotels ,,
8 THIJSSEN Gerben Intermarché - Wanty ,,
9 GIRMAY Biniam Intermarché - Wanty ,,
10 VAN DEN BERG Marijn EF Education - EasyPost ,,
...
106 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 0:00
107 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,

General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 23:15:24
2 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 0:45
3 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:50
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates 1:10
5 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 1:14
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 1:16
7 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 1:32
8 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,,
9 CICCONE Giulio Lidl - Trek 3:20
10 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 3:21
...
54 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 32:38
73 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 47:02