E Samschdeg geet den "Dizzy" un den Depart vun der Race Around Poland. Op de Lëtzebuerger waarden 3.600 Kilometer.

Race Around Poland mam Ralph Diseviscourt / Rep. Rich Simon

Fir den Ultracyclist Ralph Diseviscourt ass et déi zweet Course, déi hien dëst Joer fiert. Nieft dem Race Around America ass den Tour ronderëm Polen deen zweetlängsten, dee fir den Dizzy um Programm steet. 
 
Am Mee ass de Ralph Diseviscourt de Race Across Italy gefuer. Et war och déi éischt Ultracourse, bei där hien huet mussen opginn. Hien ass wärend der Course krank ginn. Aus der Erkältung ass eng schwéier Bronchite ginn. D'Preparatioun op d'Course ronderëm Polen huet doduercher mussen ugepasst ginn. No e puer méi luese Wochen ass de Ralph Diseviscourt zanter Juni erëm gutt am Training an huet ronn 4.400 Kilometer gemaach. 
 
De Race Around Poland huet 3.600 Kilometer. Dat sinn der ronn 1.400 manner, wéi de Race Across America, ma awer vill méi, wéi bei den anere Courssen, déi den Dizzy bis elo gefuer ass.

Polen ass praktesch esou grouss wéi Däitschland. Et läit also op der Hand, datt d'Landschaften änneren, an datt een op deenen 3.600 Kilometer vill verschidden Terraine virfënnt. Déi richteg héich Bierger, wéi zum Beispill an den Alpen, ginn et a Polen net.
 
De Ralph Diseviscourt ass zanter 2011 als Ultracylist ënnerwee. An deenen 13 Joer huet hie vill Erfarung gesammelt a weess, op wat ee bei enger Course, déi iwwer 3.600 Kilometer geet, muss oppassen.

Et misst ee sech d'Kraaft gutt andeelen, dat heescht net ze vill Drock maachen op deene méi flaache Passagen am Ufank, fir da gutt duerch d'Bierger ze kommen, sou de Ralph Diseviscourt. Och no de Bierger kéint et schwéier ginn, dat géing ganz vum Wand an den Temperaturen ofhänken, sou nach den Dizzy.

Zanter en Donneschdeg den Owend sinn de Ralph Diseviscourt a seng Ekipp a Polen. Den Depart vun dem Race Around Poland ass e Samschdeg. Wann alles normal leeft, dann dierft de Lëtzebuerger no 7 Deeg an 3.600 Kilometer op der Arrivée sinn.

Weider Aussoe vum Ralph Diseviscourt virum Depart a Polen