3.600 Kilometer an 32.000 Héichtemeter stinn déi nächst siwen Deeg fir de Lëtzebuerger Ultracycliste um Programm.

E Samschdeg de Mëtteg huet de Ralph Diseviscourt säin nächste groussen Challenge am Ultracyclissem gestart. De Lëtzebuerger ass um 14.10 Auer bei 30 Grad a bloem Himmel zu Warschau un den Depart vun der Race Around Poland gaangen.

De Ralph Diseviscourt kuerz virum Depart

Kuerz virum Depart huet sech de Ralph Diseviscourt frou driwwer gewisen, datt d'Preparatiounen endlech ofgeschloss wieren an et géing lassgoen.

Déi nächst Deeg waarden op de Ralph Diseviscourt a seng Ekipp ronn 3.600 Kilometer an 32.000 Héichtemeter. D'Streck féiert de Lëtzebuerger a seng Konkurrenten eemol ronderëm Polen.

Op d'Konkurrenz ugeschwat, huet de Ralph Disviscourt gemengt, datt et wuel e klengt Starterfeld wier, ma d'Konkurrenz mat ë.a. dem Rainer Steinberger an dem Philipp Kaider awer staark wier.

Vum Depart ewech wier et wichteg, fir gutt an d'Course ze kommen, säin Tempo ze fueren an net ze vill op déi aner ze kucken. No dräi bis véier Deeg Course an dem Passage vun de Bierger kéint een dann eventuell méi taktesch denken, sou nach de Ralph Diseviscourt virum Depart.

A siwen Deeg dierft dann d'Arrivée zu Warschau sinn.

Hei kënnt Dir suivéieren, wou de Ralph Diseviscourt an der Course drun ass.

RTL

De Ralph Diseviscourt ganz entspaant virum Depart / © Team Dizzy

Déi lescht Preparatioune si gutt verlaf

E Mëttwoch den Owend huet sech een Deel vun der aacht Mann staarker Ekipp vum Ralph Diseviscourt mat engem Camper an engem Auto vu Lëtzebuerg aus op de Wee a Richtung Polen gemaach. Am Laf vum Donneschdeg ass een dunn zu Warschau ukomm. Fir de Ralph Diseviscourt an zwee weider Membere vun der Ekipp ass et en Donneschdeg mam Fliger op d'Plaz vun der Course gaangen. E Freideg an e Samschdeg de Moie stoungen dunn déi lescht Preparatiounen un. Et gouf een Teammeeting, den Auto, dee wärend der Course permanent hannert dem Dizzy wäert fueren, huet musse mat ë.a. den néidege Luuchten an och den Navigatiounsapparater ekipéiert ginn an, et huet een och nach lescht Saache missen akafen an den Auto an d'Vëloen hu mussen duerch eng technesch Kontroll.

Wärend der Course gëtt de Ralph Disevisocurt ënnert anerem vu sengem Brudder Luc Diseviscourt begleet. Nei an der Ekipp dës Kéier mat dobäi ass de fréieren Triathlet Dan Dethier.

Den Dan Dethier iwwer d'Stëmmung an der Ekipp
RTL

© Team Dizzy