No 183 km ass den Eritreeër als Éischten zu Colombey-les-deux-Eglises ukomm. De Jonas Abrahamsen krut op senger Echappée wichteg Punkten am Biergklassement

Op enger Etapp, déi duerch d'Hiwwele vum Departement Haute-Marne geféiert huet, war den Eritreeër Biniam Girmay de Séiersten a konnt scho seng zweet Victoire feieren. Bei schwierege Wiederkonditiounen haten am Ufank virun allem d'Sprinter Krämpes am Peloton matzehalen, well et direkt iwwer 3 Colle goung.

Direkt am Ufank hat sech de Jonas Abrahamsen ofgesat, fir sech d'Punkten am Biergklassement, déi op dëser Etapp vergi goufen, ze sécheren an domat seng Avance op den Tadej Pogacar auszebauen. Hie sollt och d'Punkten um leschte Bierg kréien. Fir seng Leeschtung krut hien och de Präis fir den aggressiivste Fuerer. 40 Kilometer virun der Arrivée huet de Peloton den Tempo ugezunn an den Abrahamsen 15 Kilometer virun der Arrivée agefaange kritt.

De Peloton ass bis 700 Meter virum wäisse Stréch zesummebliwwen, éier de Sprint fréi lancéiert gouf. Am laange Sprint hat de Biniam Girmay  déi séierst Been a konnt seng zweet Victoire bei dësem Tour de France feieren. De Jasper Philipsen gouf knapp hannendrun Zweeten, viru sengem Landsmann Arnaud De Lie. De Pascal Ackermann gouf Véierten.

Den Tadej Pogacar koum als 13. an d'Zil a behält de Maillot Jaune. De Bob Jungels an de Kevin Geniets koumen och am Peloton an d'Zil a klasséiere sech als 13. respektiv 94.

De Sprinter Mads Pedersen ass net méi un den Depart vun der 8. Etapp gaangen, well hien am Schlusssprint vun der 5. Etapp gefall war a sech schwéier un der Schëller blesséiert hat. Den Dän wëll elo d'Olympesch Spiller an Ugrëff huelen. Nom Ausfall vum Pedersen ass den Eriteeër Biniam Girmay souveräne Leader am Sprintklassement an huet iwwer 90 Punkten Avance op de Jonas Abrahamsen an de Jasper Philipsen.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Resultat

1 GIRMAY Biniam 4:04:50
2 PHILIPSEN Jasper ''
3 DE LIE Arnaud ''
4 ACKERMANN PASCAL ''
5 VAN DEN BERG Marijn ''
6 GIBBONS Ryan ''
7 TURGIS Anthony ''
8 WRIGHT Fred ''
9 ARANBURU Alex ''
10 EVENEPOEL Remco ''
...
17 JUNGELS Bob ''
94 GENIETS Kevin ''

General

1 POGACAR Tadej 31:21:13
2 EVENEPOEL Remco + 0:33
3 VINGEGAARD Jonas + 1:15
4 ROGLIC Primosz + 1:36
5 AYUSO Juan + 2:16
6 ALMEIDA Joao + 2:17
7 RODRIGUEZ Carlos + 2:31
8 LANDA Mikel + 3:35
9 JORGENSON Matteo + 4:03
10 VLASOV Aleksandr + 4:36
...
53 JUNGELS Bob +36:15
71 GENIETS Kevin +50:21